Um Samschdeg gouf an der Enovos League bei den Dammen den 9. Spilldag gespillt.

Dammen

De Champion an ongeschloene Tabelleleader Gréngewald Hueschtert hat keng Schwieregkeete fir sech zu Wolz ze behaapten. D'Gäscht hunn de Match fréi entscheet a wannen um Enn mat 96:59. 10 Spillerinne hunn bei Hueschtert Punkte markéiert, d'Alexus Johnson koum op 27 Punkten.

D'Sparta Bartreng setzt sech auswäerts mat 72:64 géint den AB Conter duerch a bleift domat eleng op der zweeter Plaz an der Tabell. D'Gäscht hunn mat enger staarker Ekippeleeschtung iwwerzeegt, d'Regan Schenck hat mat 21 Punkten déi meeschte Punkten um perséinleche Kont stoen.

Den T71 Diddeleng wënnt mat 83:71 géint d'Amicale Steesel. D'Nationalspillerin Isi Etute huet mat 25 Punkten an 13 Rebounds iwwerzeegt, d'Lauren VanKleunen huet 28 Punkten zur Victoire bäigesteiert.

De Basket Esch setzt sech am Kellerduell auswäerts mat 69:60 géint d'Musel Pikes duerch. D'Tatsiana Likhtarovich huet mat 26 Punkten dofir gesuergt, dass Esch déi zweete Victoire vun der Saison feiert, d'Musel Pikes hu bis elo all Match verluer.

Bescht Zeene vum Spilldag