Ettelbréck mat 11. Victoire noeneen, Esch iwwerrennt Munneref
De Weekend gouf bei den Hären an der Enovos League den 11. Spilldag gespillt.
Hären
Um Sonndeg huet d'Etzella Ettelbréck déi 11. Victoire noenee gefeiert an huet domat all Ekipp aus der Liga geklappt zum Optakt vun der Saison. De Géigner vun Diddeleng hat zwar e gudde Start an de Match erwëscht a louch nom éischte Véierel 29:25 a Féierung, duerno huet Ettelbréck d'Heft allerdéngs an d'Hand geholl an de Match mat engem staarken drëtte Véierel u sech gerappt. Um Enn wënnt d'Ekipp vum Trainer Gavin Love mat 93:81 a bleift domat des Saison ongeschloen. De Quatarrius Wilson (29 Punkten), Jimmie Taylor (23) a Philippe Gutenkauf (20) ware wéi sou oft e staark offensiv Trio fir den Tabelleleader.
De Basket Esch iwwerrennt den Opsteiger Avanti Munneref mat 88:62. D'Lokalekipp huet de Match vun der éischter Minutt un dominéiert, am ganze 16 Dräier getraff an hat mam Thomas Grün (25 Punkten) de beschte Scorer vun der Partie. En iwwerraschende Comeback gouf et och nach op Säite vun der Lokalekipp wou den Alex Rodenbourg nees mat dobäi war, hien hat d'Basketschong no der Saison 2023/24 eigentlech un de Nol gehaang.
Mambra Mamer setzt sech mat 105:95 géint d'Musel Pikes duerch an sprengt domat an der Tabell um Géigner laanscht. 5 Spiller hunn mindestens 14 Punkte markéiert bei der Lokalekipp, de Jacob Hilmer konnt mat 28 Punkten iwwerzeegen.
E Samschdeg hat sech d'Résidence Walfer auswäerts an der Fiels duerch eng staark Trefferquot fréi am Match e Virsprong erspillt. 10 Dräier bei 15 Versich hunn d'Gäscht an der éischter Hallschecht getraff, doduerch louch Walfer an der Paus mat 51:39 a Féierung. D'Fiels huet sech virun allem am véierte Véierel beandrockend zeréck an de Match gekämpft an 2 Minutte viru Schluss bei 86:86 ausgeglach. 12 Sekonne viru Schluss huet de Leon Ayers den entscheedende Worf getraff fir d'Résidence a Féierung ze bréngen, um Enn wënnt Walfer mat 92:88. Dobäi hu 4 Spiller vun de Gäscht mindestens 20 Punkte markéiert, de Billy McDaniel hat mat 24 déi meeschten um perséinleche Kont.
En enke Match hunn d'Zuschauer och zu Steesel gesinn. Hei setzt sech den AB Conter mat 77:72 duerch an zitt domat an der Tabell mam Champion gläich. De Riley Grigsby huet d'Gäscht mat 22 Punkten zur Victoire gedroen.
Och den drëtte Match um Samschdeg war spannend, de Match tëschent der Sparta Bartreng an dem Opsteiger Hiefenech gouf an der Verlängerung entscheet. D'Gäscht haten de véierte Véierel mat 14:2 gewonn an de Match doduerch gedréint. Bartreng huet sech nom desolate leschte Véierel net mei gefaange kritt a verléiert um Enn 78:85. Beim Opsteiger Hiefenech konnt de Lual Ding 32 Punkte markéieren, de Joshua Keys huet 29 Punkten zur Victoire bäigesteiert.
Dammen
Um Sonndeg huet sech de Basket Esch iwwerraschend mat 85:83 géint den T71 Diddeleng duerchgesat. De Match gouf eréischt an der Verlängerung entscheet. Ronn 10 Sekonne viru Schluss huet d'Emily Leid d'Lokalekipp mat engem Dräier decisiv a Féierung bruecht, Diddeleng hat a Persoun vum Shalonda Winton nach d'Méiglechkeet de Match auszegläichen, dëse Worf sollt awer net duerch de Filet goen. D'Tatsiana Likhtarovich hat fir de Basket Esch mat 25 Punkten, 8 Rebounds a 7 Assists a staarke Match gewisen.
Bei den Damme war e Samschdeg den Optakt vum 10. Spilldag. De Leader Gréngewald Hueschtert bleift ongeschloen no enger 94:79 Victoire zu Steesel. Mat 42 Punkten huet op en Neits d'Alexus Johnson iwwerzeegt.
D'Sparta Bartreng setzt sech doheem kloer mat 76:56 géint d'Musel Pikes duerch, wouduerch d'Gäscht des Saison weiderhin ouni Victoire bleiwen. D'Nicole Torresani hat mat 24 Punkten am beschte getraff fir d'Lokalekipp.
Eng däitlech Victoire gouf et fir den AB Conter, deen sech auswäerts mat 73:32 géint Wolz duerchsetzt. D'Lokalekipp huet ouni Profispillerin gespillt, déi 32 markéiert Punkten als Ekipp sinn en Negativwäert an der héchster Liga a rezenter Vergaangenheet.