Am nationale Volleyballchampionnat war de Weekend bei den Dammen a bei den Hären de 7. Spilldag.

Hären

Bei den Häre bleift de Volley Bartreng och nom siwente Match weider ongeschloen un der Tabellespëtzt. E Sonndeg gouf et am Spëtzematch beim VC Stroossen eng 3:1-Victoire. D'Stroossener mussen domat déi éischt Punkte vun der Saison leie loossen.

E Samschdeg konnt sech dann nach Fenteng mat 3:1 géint den Escher VBC duerchsetzen an och fir den Chev Dikrech gouf et zu Iechternach een 3:1-Succès.

Luerenzweiler huet d'Partie duerch ee Forfait vum VC Belair mat 3:0 gewäert krut.

Dammen

Bei den Dammen heescht déi ongeschloen Ekipp un der Tabellespëtzt VC Mamer. E Samschdeg war et fir si eng kloer 3:0-Victoire zu Stengefort ginn.

Hannendru bleift de V80 Péiteng op der zweeter Tabelleplaz, dat no enger 3:0-Victoire géint den Escher VBC. E Samschdeg konnt sech dann och nach den RSR Walfer mat 3:0 géint de Volley Bartreng behaapten a fir de VB Iechternach gouf et virun den eegene Spectateuren eng 0:3-Defaite géint den Gym Volley.