Domat iwwerhëlt den 28 Joer ale Ben Schuster de Poste vum Zoran Radojevic op der Trainerbänk vun de Käerjenger Hären.

Den neien Trainer iwwerhëlt beim HB Käerjeng e Projet vun 3 Joer, wéi et an engem Schreiwes um Dënschdeg de Moien heescht. Dem Radojevic sinn déi schlecht Resultater an déi schwankend Leeschtunge vu senger jonker Ekipp an de leschte Woche wuel zum Verhängnis ginn. Weider gouf et och intern Diskussiounen, dass de Zoran Radojevic net méi als Vollzäit-Trainer fungéieren, mee niewebäi enger Aarbecht nogoe sollt.

Den neien Trainer Ben Schuster wiesselt vum HB Diddeleng, wou hien déi lescht 2,5 Joer als Co-Trainer vum Martin Hummel aktiv war, an de Kordall.

An engem éischte Pressecommuniqué war rieds dovunner, dass de Ben Schuster bis Enn vun der Saison iwwerhuele géif, an duerno wéilt ee sech zesummesetzen a kucken, wéi an ob d'Zesummenaarbecht an Zukunft géif weidergoen.

An Tëschenzäit gouf dat Schreiwes awer aktualiséiert an elo gëtt vun engem Projet vun 3 Joer geschwat.

Et ass seng éischt Statioun als Haaptverantwortleche vun enger Seniorsekipp. Hie bréngt och eng laangjäreg Erfarung als Jugendtrainer mat. Dat war warscheinlech och e Krittär vum HB Käerjeng, fir déi jonk Härenekipp weider opzebauen.