Am Sträit tëscht dem Sarah De Nutte an dem Comité Directeur vun der Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun ass et een neien Ament.

Iwwert ee Communiqué, dee per Affekot un d‘Press gaangen ass, huet d'Spillerin matgedeelt, datt si net an Appell géint d'Decisioun vun der FLTT wäert goen.

D‘Sarah De Nutte hat sech no hirem Out op den Olympeschen Spiller zu Paräis ënnert anerem am RTL-Interview dozou geäussert, wisou hire Coach Peter Teglas net huet dierfen op der Bänk setzen a guer kee Versteesdemech dofir geäussert.

Doropshin ass ee Konflikt tëscht der Spillerin an der Federatioun entstanen, esou wäit, datt de Comité Directeur vun der FLTT am November dem Sarah De Nutte an enger Disziplinarprozedur eng ëffentlech Ruge ausgeschwat huet. Am Schreiwes vum Dënschdeg betount d‘Spillerin awer op en Neits och Méint duerno nach ëmmer keng valabel Erklärung kritt ze hunn, wisou hire Coach si dann net konnt um Terrain betreien.

Si géif allerdéngs elo an Zukunft kucken an och keng weider Interviewen zu deem Theema ginn.