Um Dënschdeg war den Optakt vun de Véierelsfinallen an der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bei den Hären.

Mat 10 Punkte Virsprong ass de Racing Lëtzebuerg aus der Nationale 2 an de Match géint de Champion Amicale Steesel gestart. Dëse Bonus huet d'Ekipp aus der Haaptstad allerdéngs séier verspillt. Schonn no ronn 11 Minutte sinn d'Gäscht bei 23:22 eng éischte Kéier a Féierung gaangen. Bis zur Paus huet d'Lokalekipp gutt matgehalen an ass mat enger knapper 53:51-Féierung an d'Kabinn gaangen.

Mat engem staarken drëtte Véierel, dee Steesel 27:14 fir sech entscheet huet, konnt de Champion d'Kontroll vum Match iwwerhuelen. D'Lokalekipp huet net opginn a bis zum Schluss gekämpft, Steesel hat allerdéngs ëmmer eng Äntwert a setzt sech um Enn mat 97:84 duerch.

De Jarvis Williams war de stäerkste Spiller vun der Partie, hie koum op 31 Punkten, den Alex Laurent huet 18 Punkten zur Victoire bäigesteiert.

Steesel steet domat als éischt Härenekipp an der Halleffinall vun der Coupe. Um Mëttwoch ginn déi 3 weider Partië vun de Véierelsfinalle gespillt.