Frankräich, Norwegen an Dänemark gëllen als Favoritten op den Titel. Mee och Ungarn an Holland kënne sech no der gudder Virronn Hoffnunge maachen.

Vum 28. November bis de 15. Dezember ass déi 16. Handball-Europameeschterschaft vun den Dammen an der Schwäiz, Éisträich an Ungarn. D’Fro ass, ob Norwegen säin insgesamt 10. Titel feieren oder ob eng aner Ekipp d’Skandinavierinne vum Troun stousse kann.

De Co-Organisateur Ungarn, Montenegro, Frankräich, Dänemark, Norwegen an Holland blouwen an der Virronn ouni Punktverloscht an huele jeeweils 2 Punkte mat an d’Haaptronn. Rumänien, Schweden, Polen, Däitschland, d’Schwäiz a Slowenien sti wuel och am nächsten Tour, starten awer mat 0 Punkten.

D’Favoritten Norwegen, Frankräich an Dänemark hunn am éischten Tour näischt ubrenne gelooss a sech souverän duerchgesat. Et bleift ofzewaarden, ob Ungarn an Holland hir staark Performancë confirméiere kënnen. Ungarn, den Europameeschter vun 2000, ass iwwerraschend staark ënnerwee an Holland, de Weltmeeschter vun 2019, kéint eng weider Kéier no 2016 ëm den Titel spillen. Fir eis däitsch Noperen, déi sech Hoffnungen op déi éischt Medail zënter 2008 maachen, gëtt et schwéier, sech fir d’Halleffinallen ze qualifizéieren.
 
Lëtzebuerger Géigner an der Qualifikatioun

D’Färöer-Inselen, géint déi och d’Lëtzebuerger Dammen an der Qualifikatioun gespillt haten, hu bei hirer éischter Participatioun un enger EM e gutt Bild ofginn. Wéi bei den Hären am Januar an Däitschland kruten och d’Damme vill Ënnerstëtzung vun doheem. Eng 300 Feringer hate sich vun den Inselen an der Nordséi op Basel deplacéiert an hunn an der Hal fir gutt Stëmmung gesuergt.

RTL

© Yannick Glod

Schweden huet seng Chancen op d’Halleffinall duerch d’Néierlag géint Ungarn sou gutt wéi verspillt, kann awer bei engem Ausrutscher vu Montenegro oder Ungarn vläicht nach laanschtzéien.

Fir Island, den drëtte Géigner vun de Lëtzebuerger Dammen an der Qualifikatioun, war schonn no der Virronn Schluss. Si sinn an der Grupp F un Holland an Däitschland gescheitert.
 
Historesches

D‘Schwäiz war eréischt déi zweet Kéier bei enger Europameeschterschaft dobäi a séchert sech mam eegene Public am Réck den Ticket fir d’Haaptronn. Et ass déi éischt Kéier iwwerhaapt, dass der Schwäiz de Sprong an den zweeten Tour geléngt an dat pénktlech fir de 50. Gebuertsdag vun der Federatioun.

Den Damme vun de Färöer-Inselen ass och Historesches gelongen. Bei hirer éischter Participatioun hu si am zweete Match géint Kroatien 17:17 gespillt an domat den éischte Punkt an hirer EM-Geschicht gesammelt.

Nieft de Färöer-Insele war et mat der Tierkei fir eng zweet Ekipp déi éischt Participatioun bei enger Endronn. Och si sollten net mat eidelen Hänn heemfléien. Mam 25:25 géint Nordmazedonien hunn och si sech an d’Geschichtsbicher ageschriwwen.