Ettelbréck eliminéiert Bartreng, Out fir den Titelverdeedeger Walfer

© Sam Welter
Um Mëttwochowend war d'Suite vun de Véierelsfinallen an der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bei den Hären.
Fir d'Etzella Ettelbréck leeft d'Saison bis elo no Plang. An der Enovos League ass d'Ekipp no 11 Spilldeeg ongeschloen, an der Coupe steet d'Ekipp vum Trainer Gavin Love no enger 115:83-Victoire géint d'Sparta Bartreng an der Halleffinall. Dobäi haten d'Gäscht, déi ouni de gespaarte Max Logelin hu mussen untrieden, e gudde Start erwëscht a louchen no 20 Minutten 51:46 a Féierung. Am drëtte Véierel huet Ettelbréck allerdéngs den Tempo erhéicht an net manner wéi 36 Punkte markéiert géintiwwer nëmmen 9 vun de Gäscht. Bei der Sparta koumen och nach Foulprobleemer vun de Profispiller dobäi an de Match war virum Start vum véierte Véierel entscheet. De Quatarrius Wilson hat um Enn staark 42 Punkten um perséinleche Kont stoen, insgesamt huet d'Etzella 15 Dräier getraff.
De Basket Esch notzt e fulminanten drëtte Véierel (32:11) fir sech géint d'Résidence Walfer entscheedend ofzesetzen a wënnt um Enn mat 92:74. Domat ass de Coupe-Gewënner vun der leschter Saison eliminéiert. Bei der Lokalekipp vun Esch huet mam Greg Milton, dee lescht Saison nach fir den AB Conter aktiv war, en neie Profispiller matgespillt. Hie konnt direkt mat 23 Punkte fir seng nei Ekipp iwwerzeegen.
D'Arantia Fiels setzt sech souverän mat 103:72 géint d'Musel Pikes duerch. Bei de Gäscht huet den Assistant-Coach Filip Abreu de Brian Carroll an dësem Match op der Trainerbänk ersat. D'Lokalekipp huet mat enger kollektiver Leeschtung iwwerzeegt, 5 Spiller hunn op d'mannst 12 Punkte geworf.
Um Dënschdeg hat sech d'Amicale Steesel mat 97:84 géint de Racing Lëtzebuerg aus der Nationale 2 duerchgesat. D'Halleffinalle ginn den 18. a 19. Januar an der Coque um Kierchbierg gespillt.