Hueschtert a Conter stinn an der Halleffinall

© pixabay / daschorsch
Um Donneschdeg stoungen am Lalux Ladies Cup bei den Dammen zwee Matcher vun de Véierelsfinallen um Programm.
Den AB Conter konnt sech auswäerts kloer mat 98:63 géint Wolz duerchsetzen. D'Gäscht si gutt an de Match gestart, d'Lou Mathieu konnt 5 Dräier am éischte Véierel markéieren. Duerno huet Wolz zwar eng Reaktioun gewisen, dat virun allem duerch déi nei Profispillerin Lashayla Wright Ponder, déi hiren éischte Match beim Veräi gespillt huet. Mam Optakt vun der zweeter Hallschecht huet Conter e Gank eropgeschalt an d'Partie kloer gewonnen.
De Gréngewald Hueschtert huet sech däitlech géint d'Musel Pikes duerchgesat. D'Gäscht hunn de Match direkt ënner Kontroll bruecht a louchen an der Paus mat 45:21 a Féierung. D'Musel Pikes, déi nëmme mat enger Profispillerin ugetruede sinn, haten dem Champion net vill entgéint ze setzen. Um Enn wënnt Hueschtert mat 94:63, d'Amanda Cahill hat 23 Punkten um perséinleche Kont stoen.
Lescht Woch hat sech den T71 Diddeleng mat 76:66 géint d'Amicale Steesel duerchgesat. Nächsten Dënschdeg spillt de Black Star Miersch aus der Nationale 2 géint d'Sparta Bartreng aus der Enovos League, béid Ekippe kämpfen em déi véiert a lescht Plaz an der Halleffinall, déi den 18. a 19. Januar an der Coque um Kierchbierg gespillt ginn.