Diddeleng klappt Käerjeng, d'Red Boys weider Leader an der Tabell

© AFP
Den Tabelleleader Red Boys Déifferdeng huet Dikrech geklappt a Bierchem huet Rëmeleng keng Chance gelooss.
Am nationalen Handball-Championnat stoung um Samschdeg bei den Hären den 12. Spilldag a bei den Dammen den 10. Spilldag um Programm.
Axa League Hären
Am Spëtzematch tëscht Diddeleng a Käerjeng konnt ee gespaant drop sinn, wéi d'Gäscht mat hirem neien Trainer Ben Schuster de Match géifen ugoen. Virun 275 Spectateuren am René Hartmann war et awer d'Lokalekipp, déi direkt vun Ufank u gewisen huet, wien Här am Haus ass. No 5 Minutte stoung et 5:1 fir den HBD. Käerjeng konnt sech wuel op 1 Gol erukämpfen (10:9 no 15 Minutten), zu méi sollt et awer net duergoen. An engen offensiv gefouerte Match gewënnt Diddeleng mat 48:37 géint Käerjeng. Topscorer war den Diddelenger Aldin Zekan mat 9 Goler.
Den Tabelleleader vun Déifferdeng huet zu Dikrech näischt ubrenne gelooss an et gewënnt ee mat 28:22 an der Ieselsstad. An der Tabell läit een 2 Punkten viru Bierchem.
Bierchem huet Rëmeleng keng Chance gelooss a gewënnt mat 37:26. Viru ronn 160 Supporter waren den Oskar Wener an den Daniel Scheid mat jee 8 markéierte Goler Topscorer vum Owend op Säite vun der Lokalekipp. Bei de Gäscht huet de Vincent Schockmel souguer 9 Goler geschoss. Fir Rëmeleng gëtt et ganz schwéier, nach ënnert d'Top 6 ze kommen.
Esch ass mat engem fulminante 6:0 an de Match gestart an huet domat relativ fréi am Match de Grondstee fir d'26:17-Victoire geluecht. Domat huet Esch déi 4. Plaz an der Tabell gefestegt. Ze bemierken ass och, dass Esch nach 2 Nodrosmatcher ze spillen huet.
Axa League Dammen
Ënnert dem Impuls vum Jennifer Zuk, dat um Enn 9 Goler markéiert huet, gewannen d'Damme vu Käerjeng mat 34:19 géint den Handball Esch. Virun allem déi éischt 15 Minutte war et awer eng serréiert Partie, bei där et hin an hier gaangen ass. Wat de Match méi laang gedauert huet, wat Käerjeng seng Klass awer besser ausspille konnt.
Louch de Standard an der Ufanksphas nach ëfters a Féierung, huet sech d'Blat an der Suite gedréint an Déifferdenger Damme sinn hirer Favoritteroll gerecht ginn. Et gewënnt ee mat 32:24.
Dikrech huet zu Réiden näischt ubrenne gelooss a gewënnt mat 25:18 géint den HC Atert.
Den ongeschloene Leader Diddeleng baut seng Serie weider aus a gewënnt och géint den HB Museldall. De Museldall, deen ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt ass, huet och géint den HBD laang gutt matgehalen, et sollt een no 60 Minutten awer mat 18:25 als Verléierer vum Terrain goen.