Um Sonndeg war bei den Hären d'Suite vum 12. Spilldag mat zwee Matcher.

Hären

De Basket Esch setzt sech no enger spannender Schlussphas mat 92:89 géint den AB Conter duerch. De Clancy Rugg mat 30 Punkten an den Thomas Grün mat 27 Punkten, hunn als staarken Duo och zum Schluss Verantwortung iwwerholl.

Den T71 Diddeleng wënnt auswäerts kloer géint Mambra Mamer. An der Paus haten d'Gäscht scho 60 Punkte geworf, um Enn gouf et eng 111:82-Victoire fir Diddeleng. De Géigner Mamer, dee mam Brantley Bynum en neie Profispiller am Kader hat, huet zu kengem Moment säi Rhythmus fonnt. Den Edward Colbert huet mat 33 Punkten am beschte getraff.

D'Etzella Ettelbréck bleift och no 12 Spilldeeg ongeschloen. An der Fiels gouf de Leader vun der Enovos League allerdéngs bis déi lescht Sekonne vun der Partie gefuerdert. Béid Ekippen hu sech de ganze Match iwwer näischt geschenkt an de Score war ausgeglach. Ronn 1 Minutt viru Schluss huet den Eric Zenners e wichtegen Dräier fir d'Gäscht getraff an Ettelbréck a Féierung bruecht. Der Fiels sinn déi lescht Aktiounen net gegléckt an d'Etzella konnt eng 95:90-Victoire feieren. Den Jimmie Lee Taylor konnt mat 26 Punkten iwwerzeegen, donieft koum de Philippe Gutenkauf op 21 Punkten.

De Champion Amicale Steesel setzt sech mat 101:81 géint d'Musel Pikes duerch. No enger ausgeglachener éischter Hallschecht huet d'Lokalekipp no der Paus besser gespillt an um Enn däitlech gewonn.

Enk war de Match tëschent der Sparta Bartreng an dem Opsteiger Munneref. D'Sparta ka sech um Enn mat 82:79 behaapten nodeems d'Gäscht a Persoun vum Khalil Small e leschte Versuch de Match auszegläichen, net notze konnten. De Small stoung fir déi éischte Kéier am Kader vu Munneref, de Profispiller ass zeréck zu Lëtzebuerg, nodeems hie scho virun 2 Joer beim Veräin aktiv war. Staark 27 Punkten huet de Max Logelin vun der Sparta markéiert.

D'Résidence Walfer wënnt kloer mat 103:63 géint den Opsteiger Hiefenech. D'Lokalekipp huet de Match vun Ufank un dominéiert. Mat 31 Punkten huet de Leon Ayers am beschte getraff.

Dammen

D'Sparta Bartreng wënnt den Toppmatch auswäerts géint den T71 Diddeleng mat 76:66. Domat vergréissert d'Ekipp vum Trainer Mike Feyder de Virsprong an der Tabell géintiwwer Diddeleng op 3 Punkten. D'Lokalekipp, déi nach ëmmer Verletzungssuergen huet, war 8 Minutte viru Schluss op 4 Punkten un der Sparta drun, an der Schlussphas huet Bartreng de Match allerdéngs souverän gewonnen. D'Kyaja Williams huet mat 32 Punkten a 17 Rebounds fir d'Gäscht iwwerzeegt.

De Leader Gréngewald Hueschtert bleift ongeschloen, dat no enger däitlecher 116:86-Victoire doheem géint de Basket Esch. E Bléck op d'Statistik vum Match ass hei ganz impressionant, d'Alexus Johnson huet nämlech e ganz seelene "quadruple double", dat mat 42 Punkten, 26 Rebounds, 16 Assists an 11 Steals.

Den AB Conter setzt sech auswäerts mat 87:60 géint d'Musel Pikes, doduerch bleift d'Lokalekipp vun der Musel ouni Victoire des Saison. Bei de Gäscht huet d'Beyonce Bea 26 Punkte markéiert.

Eng kleng Iwwerraschung huet Wolz fäerdegbruecht, d'Ekipp aus dem Norde wënnt auswäerts 85:82 géint d'Amicale Steesel. Déi nei Profispillerin Lashayla Wright-Ponder hat 25 Punkten um perséinleche Kont, d'Nora Hermes huet 22 Punkte bäigesteiert.