Donieft huet Bartreng Stengefort geklappt a Walfer léisst Esch keng Chance. Mamer bleift ongeschloen.

Hären

Fenteng gewënnt an engem super spannendem Match no 5 Sätz (20:25, 25:23, 25:27, 25:23, 15:13) géint Dikrech.

Stroossen ass senger Favoritteroll zu Esch gerecht ginn a huet der Lokalekipp zu kengem Moment e Hauch vun enger Chance ginn. Um Enn steet eng däitlech 3:0 (25:15, 25:13, 25:9) Victoire um Spillbou.

Iechternach muss sech no sengem Serréiertem Match mat 0:3 (14:25, 21:25, 21:25) géint Luerenzweiler geschloe ginn. Virun allem an de Sätz 2 a 3 war et immens enk.

Dammen

Iechternach huet sech no enger kämpferescher Leeschtung um Enn dann awer däitlech misse mat 0:3 (16:25, 22:25, 20:25) géint Mamer geschloe ginn.

E ganz serréierte Match war et tëscht den Damme vu Stengefort a Bartreng. Kee Saz war däitlech, et war an all Saz spannend bis zum Schluss. An esou huet de Match dann och missen an engem fënneften an entscheedende Saz entscheet ginn. Hei hat Bartreng déi besser Nerven a gewënnt um Enn mat 3:2 (25:22, 20:25, 22:25, 27:25, 15:12) géint Stengefort.

Esch zitt doheem mat 1:3 (19:25, 21:25, 25:23, 20:25) géint Walfer de Kierzeren.

Um Sonndeg huet d'GYM géint Péiteng gespillt. An hei gouf et an enger ganz enker Partie eng 2:3-Defaite fir d'Heemekipp.