Coupe am Handball
Esch muss an der 1/4-Finall zu Bierchem untrieden

© AFP (Archiv)
Um Samschdeg war an der Coupe am Dammen- an Härenhandball den Tirage vun de Véierelsfinallen.
Bei den Häre stécht den Duell vum Champion Bierchem géint de Coupegewënner Handball Esch ervir. Donieft spillen den HB Diddeleng géint de CHEV Dikrech, den HC Standard géint déi Déifferdenger Red Boys an den HB Käerjeng empfänkt Rëmeleng.
Bei den Damme kënnt et zum Spëtzematch Red Boys Déifferdeng géint den HB Diddeleng. Déi Partie gouf et och schonn an der Finall vun der leschter Saison. Donieft ginn et d'Dueller Käerjeng géint Esch a Réiden géint Dikrech. De Museldall muss géint den HC Standard untrieden.
Am meeschte gelies