Bartreng séchert sech déi lescht Plaz an der Halleffinall

© AFP (Archiv)
Um Dënschdeg stoung am Lalux Ladies Cup bei den Dammen de véierten a leschte Match vun de Véierelsfinallen um Programm.
D'Sparta Bartreng gëtt wéi erwaart senger Favoritteroll gerecht a setzt sech mat 75:47 géint de Black Star Miersch aus der Nationale 2 duerch. Schonn no 4 Minutte haten d'Gäscht den 10-Punkte-Réckstand opgeholl an de Match duerno kontrolléiert. 4 Spillerinne vu Bartreng hu mindestens 10 Punkte markéiert, d'Regan Schenck hat um Enn mat 19 Punkten am beschte getraff.
An den Halleffinallen, déi den 18. an 19. Januar an der Coque um Kierchbierg gespillt ginn, stinn niewent Bartreng nach de Champion Hueschtert, Diddeleng a Conter. D'Auslousung
vun den Halleffinallen ass e Mëttwoch den Owend.