Um Dënschdeg gouf an der Enovos League bei den Hären en Nodrosmatch vum 10. Spilldag gespillt.

D'Résidence Walfer ass géint d'Sparta Bartreng staark an de Match gestart a louch an der Paus 46:35 a Féierung, dat virun allem well d'Lokalekipp 8 Dräier an den éischten 20 Minutte getraff huet.

An der zweeter Hallschecht huet d'Résidence scho wéi de séchere Gewënner ausgesinn, nodeems Walfer 8 Minutte viru Schluss 73:57 a Féierung louch. Duerno huet Bartreng allerdéngs e Laf gestart an kuerz drop stoung et 79:79 gläich. An enger spannender Schlussphas hunn d'Gäscht sech kuerz viru Schluss e fatale Ballverloscht geleescht a Walfer wënnt um Enn mat 86:82.

De Leon Ayers konnt 26 Punkte fir d'Lokalekipp markéieren, ënnerstëtzt gouf hie vum Nationalspiller Oliver Vujakovic mat 21 Punkten. Mat dëser Victoire erspillt sech Walfer e Virsprong vun 2 Punkten op de Konkurrent an der Tabell.

Um Donneschdeg geet et weider mat engem Match vum 13. Spilldag, den T71 Diddeleng trëfft op d'Amicale Steesel.