Bei der Handball-EM vun den Damme wëlle Frankräich, Ungarn an Dänemark ëm den Titel matschwätzen, mee dat gëtt schwéier.

Nodeems en Dënschdeg an e Mëttwoch déi lescht Matcher an der Haaptronn gespillt goufen, stinn d’Halleffinalistinne fest. Nieft dem néngfachen Europameeschter Norwegen hu sech nach de Co-Organisateur Ungarn, Frankräich an Dänemark, d’Konkurrente vun Norwegen an de leschte Joren, fir de virleschten Tour e Freideg qualifizéiert.

Norwegen geet als klore Favorit an d’Partie géint Ungarn, dierf d’Ungarinnen awer net ënnerschätzen. Ungarn huet seng Matcher virun eegenem Public gréisstendeels fir sech entscheet, mee wéi wäerte si zu Wien performen? Oder wäerte vill Ungare fir de Weekend an d’éisträichesch Haaptstad reesen? Dat kéint vläicht den Ënnerscheed maachen. Norwegen ass bis elo souverän duerch d’Turnéier gaangen an huet all Géigner kloer dominéiert. Dat versprécht, eng spannend Partie ze ginn.

Am zweete Match sti sech Frankräich an Dänemark géintiwwer, béid d’Finallgéigner vun Norwegen bei de leschten zwou Editiounen. Hei wäert wuel déi besser Dagesform den Ausschlag ginn, well et kee klore Favorit gëtt. Frankräich ass bis elo nach ongeschloen duerch d’Turnéier gaangen, Dänemark huet eng knapp Néierlag (24:27) géint Norwegen agestach. Béid Ekippe hunn op alle Fall eng Rëtsch international erfuerene Spillerinnen.

Am Handball gëtt et och e Match ëm Plaz 5, hei spille Schweden an Holland géinteneen. Béid Ekippe goufen déi Drëtt an hirer Haaptronn-Grupp. Schweden war an der EM-Qualifikatioun de stäerkste Lëtzebuerger Géigner.

Fir eis däitsch Noperen ass d’Europameeschterschaft op en Neits net esou gelaf, wéi si et sech erwaart haten. Däitschland huet déi wichteg Matcher géint Holland, Dänemark an Norwegen kloer verluer a gouf just Véierten an der Grupp. Am Hibléck op d’Weltmeeschterschaft 2025 am eegene Land hat den DHB eng besser Entwécklung a Placéierung erwaart.