Sparta Bartreng: Romain Hoffmann hält als President op

Dës Nouvelle huet de Romain Hoffmann per Communiqué matgedeelt. Hie bleift bis den 31. Dezember dëst Joer nach a senger Funktioun.
No 55 Joer als aktive Member vum Veräin géif et Zäit, fir definitiv an d'Pensioun ze goen, heescht et an den Zeile vum President vun der Sparta.
Dës Decisioun huet hie geholl, fir deene méi jonke Plaz ze maachen, dass de Veräin sech nei orientéieren a sech nei opstelle kann. Awer och déi rezent Changementer am Basket sinn e Grond fir dës Decisioun. "Déi grouss Verännerungen an der Entwécklung, esouwuel op sportlechem wéi och administrativem Plang, mee och déi verschidden technesch Usätz a Verännerunge vun der Mentalitéit, sinn net méi wierklech meng Welt.", heescht et am Bréif weider.