Um Freideg war an der Enovos League bei den Hären d'Suite vum 13. Spilldag mat engem Match.

Zu Munneref stounge sech d'Lokalekipp an d'Gäscht vu Walfer géintiwwer. D'Gäscht hunn d'Favoritteroll vun der éischter Minutt un ënnerstrach. An der Paus war de Match entscheet nodeems Walfer 52:29 a Féierung louch. 
An der zweeter Hallschecht huet d'Résidence de Virsprong geréiert, um Enn wënnt Walfer mat 92:67. Mat 33 Punkten huet de Leon Ayers am beschte getraff fir d'Gäscht.

An der Tabell zitt Walfer laanscht Diddeleng a Steesel a steet op der drëtter Plaz, Munneref steet mat enger Victoire an 12 Néierlagen weiderhin op der leschter Plaz.

Schonn en Donneschdeg krut Diddeleng et doheem mam Champion vu Steesel ze dinn. Diddeleng huet sech am Ufank vum Match e klenge Virsprong erausgespillt, deen d'Lokalekipp bis zum Optakt vum véierte Véierel hale konnt. Steesel huet sech mat engem Laf zeréck an de Match gekämpft a louch 7 Minutte viru Schluss nëmmen nach 73:76 am Réckstand. Déi nächst 3 Ugrëff hunn d'Diddelenger Profispiller Colbert a Randolph dräi Dräier noenee getraff an domat fir en entscheedende Virsprong vun der Lokalekipp gesuergt. Um Enn wënnt Diddeleng 89:74, nodeems de Gäscht just nach 11 Punkten am leschte Véierel gelonge sinn. Den Edward Colbert huet mat 33 Punkten am beschte getraff, ënnerstëtzt gouf hie vum Brandon Randolph mat 26 Punkten.

An der Tabell zitt Diddeleng mat dëser Victoire mat Steesel gläich, béid Ekippen hunn 8 vun 13 Matcher gewonnen.