Dänemark fuerdert Norwegen an der Finall

© Mobile Reporter
E Sonndeg kënnt et zu enger skandinavescher Finall. Norwegen hat keng Problemer mat Ungarn, Dänemark huet sech géint Frankräich behaapt.
An der Finall vun der 16. Dammen-Handball-EM sti sech e Sonndeg Norwegen an Dänemark géintiwwer. D’Stëmmung an den Halleffinalle gouf dem EM-Slogan "Catch the spirit" voll a ganz gerecht.
De Rekordchampion Norwegen gouf wärend de leschten zwou Wochen daper vun dräi Dose Landsleit ënnerstëtzt. Fir déi lescht zwee Matcher hu sech iwwer 800 Norweger op de Wee op Wien gemaach. A si goufen net enttäuscht.
D’Skandinavierinnen hunn dem Co-Organisateur Ungarn vun Ufank u keng Chance gelooss. Norwegen louch fréi 5 Goler vir, mee Ungarn konnt, ugedriwwe vun Dausende Supporteren, bis zur Paus op 2 Goler verkierzen (11:13). Wéi Norwegen an der 43. Minutt bis op 6 Goler fort war, war de Match entscheet. Um Enn stoung de Score bei 30:22. Déi 44 Joer al norwegesch Golkippesch Katrine Lunde gouf zur Spillerin vum Match gewielt.
Den zweete Match tëscht Frankräich an Dänemark sollt méi enk ginn, mam besseren Ausgang fir d’Skandinavierinnen. Och hei huet eng Golkippesch dem Match hire Stempel opgedréckt. D’Dänin Anna Kristensen konnt 16 Bäll paréieren an huet d’Franséisinnen deelweis zur Verzweiwlung bruecht.
Frankräich konnt wärend 60 Minutten ni d’Féierung iwwerhuelen an ass laang engem Réckstand nogelaf. Nom 11:13 zur Paus konnt d’Ekipp vum Trainer Sébastien Gardillou, deen no den Olympesche Spiller zu Paräis d’Relève vum Erfollegstrainer Olivier Krumbholz iwwerholl hat, zwar no 40 Minutten ausgläichen, mee dësen Erfolleg war just vu kuerzer Dauer. Duerno konnt Dänemark souguer op 6 Goler dervunzéien, wat um Enn den Ausschlag fir de 24:22-Erfolleg war.
An der Finall kënnt et domat zum Remake vun der Finall 2022 a vum Haaptronn-Match Norwegen géint Dänemark, wou den 9-fache Champion d’Iwwerhand behalen hat. Dänemark huet e Sonndeg d’Méiglechkeet, de véierten EM-Titel no 2002 an déi éischt Coupe zënter den Olympesche Spiller 2004 zu Athen ze feieren. Norwegen kann de Rekord op 10. EM-Titelen ausbauen.