Des Woch gouf an der Enovos League bei den Hären den 13. Spilldag gespillt, bei den Damme stoung den 12. Spilldag um Programm.

Hären

Um Sonndeg huet sech de Leader Etzella Ettelbréck däitlech mat 102:64 géint Mambra Mamer duerchgesat, domat bleift d'Ekipp aus dem Norden ongeschloen. Schonn am éischte Véierel huet d'Etzella mat engem 29:2-Laf fir d'Virentscheedung gesuergt. 5 Spiller vun der Lokalekipp hunn zweestelleg Punkten markéiert, de Quatarrius Wilson konnt mat 26 Punkten iwwerzeegen.

Den Opsteiger Hiefenech huet am Derby e Samschdeg géint d'Fiels staark an de Match fonnt a konnt net manner wei 32 Punkten am éischte Véierel markéieren. An der Paus louch d'Lokalekipp souguer 52:30 fir. No der Paus sollt sech dann e richtegen Derby entwéckelen. D'Fiels huet sech mat engem 28:12 am drëtte Véierel zeréck an d'Partie gekämpft a 6 Minutte viru Schluss d'Féierung iwwerholl. An enger spannender Schlussphas vergëtt Hiefenech a Persoun vum Lual Ding kuerz viru Schluss d'Méiglechkeet de Match per Distanzworf auszegläichen, d'Fiels wënnt um Enn 89:82. De Kiandre Gaddy mat 25 Punkten an de Malik Wilson mat 21 Punkte ware beschte Scorer bei der Comeback-Victoire.

Den AB Conter wënnt däitlech mat 83:58 géint d'Sparta Bartreng. D'Gäscht hu schwaach 32 Prozent vun de Schëss getraff an hunn elo méi Defaiten wéi Victoirë um Kont an der Tabell. D'Lokalekipp huet mat enger ausgeglachener Ekippeleeschtung iwwerzeegt, den Tyrell Sturdivant hat mat 22 Punkten am beschte getraff an als Ekipp huet Conter 16 Dräier markéiert.

De Resumé vum Match Conter géint Sparta
Fir den AB Conter gouf et eng däitlech 83:58-Victoire

De Basket Esch setzt sech auswäerts mat 76:66 géint d'Musel Pikes duerch. D'Gäscht hate sech an der éischter Hallschecht e Virsprong eraus gespillt an de Match duerno kontrolléiert. De Quinten Nelson huet am beschte getraff a koum op 28 Punkte fir déi Escher.

Dammen

Um Sonndeg huet sech d'Amicale Steesel auswäerts 94:73 géint de Basket Esch duerchgesat. D'Mikayla Ferenz konnt 27 Punkten scoren, d'Isa Hämäläinen huet 24 Punkten zur Victoire bäigesteiert.

Bei den Damme koum et um Samschdeg ënner anerem zum Toppmatch tëschent dem Leader Gréngewald Hueschtert an dem Tabellenzweete Sparta Bartreng. D'Lokalekipp vu Bartreng huet an der éischter Hallschecht gutt matgehalen a louch an der Paus 32:29 a Féierung. De Champion Gréngewald huet den drëtte Véierel allerdéngs mat engem staarke 17:0 Laf ugefaangen an d'Kontroll vum Match iwwerholl. Um Enn wënnt Hueschtert 79:56 a bleift domat ongeschloen des Saison.

De Resumé vum Match Sparta géint de Gréngewald
Fir de Sparta Bartreng gouf et um Enn eng 56:79-Defaite

Den AB Conter setzt sech mat 76:66 géint den T71 Diddeleng duerch. D'Lokalekipp huet eng gutt Trefferquot aus der Distanz (12/26 Dräier) genotzt fir sech an der Tabell e Virsprong vun 2 Punkten op de Géigner ze erkämpfen. 5 Spillerinne vu Conter hate mindestens 10 Punkte markéiert, d'Beyonce Bea koum op 18 Punkten.

Déi éischte Victoire des Saison gouf et fir d'Musel Pikes, d'Ekipp wënnt auswäerts mat 80:78 géint Wolz. D'Shawnta Shaw wosst mat 29 Punkten ze iwwerzeegen.