An der Axa League war e Samschdeg den Owend bei den Hären den 13. a bei den Dammen den 11. Spilldag.

Axa League Hären

Wärend bei Esch de Blesséierte Loris Labonté nees asazbereet war, ass Bierchem weiderhi mat ville Verletzunge geplot. Déi Escher haten an der Woch den Nodrosmatch géint Diddeleng gewonnen a wollten um Samschdeg noleeën. Et war ee ganz serréierte Spëtzematch, deen d'Spectateuren zu Esch gewise kruten, a bis zur Paus konnt keng Ekipp sech ëm méi wéi ee Gol ofsetzen. Eng 10 Minutten nom Säitewiessel ass Esch mat 17:15 a Féierung gaangen, ma Bierchem huet direkt zréckgeschloen a bannent 8 Minutten op 17:19 aus Escher Siicht gestallt. An der Suite waren d'Bierchemer dunn déi eenzeg Ekipp, déi a Féierung gaangen ass, a sou gewannen d'Gäscht um Enn en enke Match mat 24:23. Bescht Scorer waren den Tom Krier bei Esch an de Raphael Guden bei Bierchem, allebéid mat 8 Goler. Mat dësem Succès bleift Bierchem um Leader Déifferdeng drun, wärend Esch net méi no un Diddeleng op Plaz 3 kënnt.

De Resumé vum Match HB Esch géint HC Bierchem
D'Gäscht vu Bierchem konnte sech knapp mat 24:23 zu Esch behaapten

Am zweete Match ënnert dem neien Trainer Schuster huet Käerjeng mat 32:38 géint Dikrech de Kierzere gezunn. D'Visiteuren haten en exzellente Start erwëscht a louchen no enger gudder Véierelsstonn 10 Goler vir. An d'Paus ass et mat engem Score vun 12:20 aus Käerjenger Siicht gaangen. Nom Säitewiessel ass d'Lokalekipp besser ginn an huet sech ëmmer nees un en Ofstand vu 4 bis 5 Goler erugekämpft, ma d'Dikrecher hunn et bis zum Schluss fäerdegbruecht, fir si op Distanz ze halen. Virun allem de Borys Brukwicki mat 11 Goler an de Jacek Luberecki mat 8 Goler haten ee staarken Owend erwëscht. Sou geléngt den Dikrecher eng enorm wichteg Victoire an der Lutte ëm Plaz 6, well si sech déi um leschte Spilldag am direkten Duell géint de Standard séchere kënnen.

Diddeleng konnt sech zu Rëmeleng vum Réckschlag am Kampf ëm de Championstitel zu Esch retabléieren a sech mat 41:29 duerchsetzen. Schonn zur Paus stoung et 23:15 fir de Favorit aus der Forge du Sud. Domat hält een den Uschloss un d'Tabellespëtzt.

Déifferdeng huet géint de Standard näischt ubrenne gelooss a sech souverän mat 30:20 behaapt. Duerch dës Defaite beim Tabelleleader geet et fir de Standard elo am Januar um leschte Spilldag zu Dikrech ëm déi 6. Plaz.

Axa League Dammen

Am Spëtzematch vum Spilldag ass Déifferdeng op den ongeschloenen Titelverdeedeger Diddeleng getraff, deen no der Victoire am Nodrosmatch géint Dikrech ënnert der Woch och elo Tabelleleader ass. D'Lokalekipp, bei där den Trainer Michel Scheuren elo seng Mastercoach-Lizenz vun der EHF huet, ass net gutt an de Match gestart. Schonn no enger gudder Véierelsstonn louch een 8 Goler a Réckstand, wat een och bis zum Schluss net méi sollt ophuele kënnen. Tëschenzäitlech huet Déifferdeng sech ëmmer nees zréckgekämpft, géint eng ofgekläert Diddelenger Ekipp ass et een awer ni méi no erukomm wéi 4 Goler. Um Enn wënnt Diddeleng 32:27 a bleift weider ongeschloen. D'Déifferdengerinne kréien awer schonn den 11. Januar d'Chance op eng Revanche, well béid Ekippen do an engem Nodrosmatch aus dem Oktober nees openeen treffen.

No engem spannende Match ass et Dikrech um Enn net gelongen, dem HB Käerjeng am Kampf ëm d'Meeschterschaft e Been ze stellen. Et war eng ausgeglach éischt Hallschent an e Laf vu 4 Goler um Stéck huet dofir gesuergt, dass d'Säiten esouguer mat engem Virsprong vun 3 Goler fir de Chev gewiesselt goufen. Am zweeten Duerchgang huet d'Lokalekipp dunn e Gank eropgeschalt an hat de Match no 45 Minutten endgülteg gedréint. Um Enn heescht et domat 20:23, woumat Käerjeng weider punktgläich mat Diddeleng un der Spëtzt, dat awer mat engem Match manner.

An der Partie tëscht dem Museldall a Réiden war et déi erwaart kloer 36:19-Victoire fir d'Lokalekipp. Virun allem d'Anais Huberty an d'Dana Boes ware mat 9 respektiv 7 Goler fir den Tabelleleschte Réiden net ze stoppen.

Och am Duell tëscht Esch an dem Standard sinn d'Escherinnen der Favoritteroll gerecht ginn an hu sech souverän mat 34:18 duerchgesat. Scho virun der Paus hat den HB Esch sech eng Avance vun iwwer 10 Goler erausgespillt.