Mamer Damme verléiere géint Péiteng, d'Häre vu Bartreng klappen Iechternach

© Pressphoto (Archiv)
D'Walfer Damme profitéieren iwwerdeems vun der Defaite vum Tabelleleader.
Hären
Den Tabelleleader Bartreng huet sech géint Iechternach keng Bléisst ginn a souverän mat 3:0 (25:15, 25:21, 25:21) gewonnen. Domat verdeedegen d'Bartrenger d'Tabelleféierung géint Stroossen, déi mat engem Match méi punktgläich op Plaz 2 leien.
Luerenzweiler hat keng Problemer mam VC Fenteng a behaapt sech däitlech mat 3:0 (25:15, 25:14, 25:19), woumat een op Plaz 3 éischte Verfolger vu Bartreng a Stroossen bleift.
E Sonndeg gouf et dann nach eng 3:0-Victoire (25:16, 25:20, 25:14) fir de CHEV Dikrech géint den Escher VBC, duerch déi d'Ekipp vun Dikrech elo mat 16 Punkten op der 4. Tabelleplaz steet.
Stroossen hat wéinst dem Forfait vum Belair spillfräi.
Dammen
Am Spëtzematch vum 9. Spilldag huet Mamer sech misse mat 1:3 (25:20, 21:25, 17:25, 23:25) géint Péiteng geschloe ginn. Et ass déi éischt Néierlag vun der Saison fir d'Mamerinnen, déi elo just nach 1 Punkt Avance op Péiteng a Walfer op de Plazen 2 an 3 hunn.
Walfer konnt vun der Mamer Defaite profitéieren an huet sech 3:1 (25:23, 25:16, 23:25, 25:22) géint Stengefort duerchgesat. D'Gäscht hu sech deier verkaf, hunn den éischten an de véierte Saz awer knapp verluer.
Am Kellerduell tëscht Bartreng an Iechternach huet d'Lokalekipp de Match och mat 3:1 (25:19, 25:13, 25:27, 25:16) fir sech entscheet, woumat een déi zweet Victoire vun der Saison feiert.
E Sonndeg huet sech fir den Ofschloss vum Spilldag d'Gym Volley kloer mat 3:0 (25:9, 25:13, 25:12) géint den Escher VBC duerchgesat a steet no néng Matcher weider op der 4. Plaz an der Tabell.