Hueschtert-Folscht, Recken, Nidderkäerjeng a Lëntgen an der Halleffinall

© RTL (Archiv)
Zu Diddeleng stoungen e Samschdeg den Owend an der Coupe am Dëschtennis d'Véierelsfinallen um Programm.
Hären
Den Titelverdeedeger an Doublé-Gewënner Hueschtert-Folscht ass senger Favoritteroll géint Houwald gerecht ginn a konnt sech mat 4:2 behaapten. De Maël van Dessel huet seng zwee Eenzel bei Hueschtert-Folscht fir sech entscheet.
Als Finalist aus dem leschte Joer ass Recken favoriséiert an d'Partie géint Esch gaangen. Nom 1:0 fir d'Escher huet Recken dunn och näischt méi ubrenne gelooss a qualifizéiert sech ënner anerem duerch zwee gewonnen Eenzel vum Thomas Keinath mat 4:1 fir d'Halleffinallen.
Nodeems den Zweetligist Fluessweiler an der Aachtelsfinall nach Berbuerg eliminéiert hat, ass an der Véierelsfinall géint Lëntgen Schluss. No Féierung muss ee sech um Enn mat 1:4 geschloe ginn.
Am Duell tëscht Diddeleng an Nidderkäerjeng, déi an der Aachtelsfinall Lénger eliminéiert haten, kruten d'Spectateuren eng spannend Partie ze gesinn. No den Eenzele war et 3:3, soudass et an den decisiven Dubbel gaangen ass. Hei konnten den Irfan Cekic an den Evgheni Dadechin a 4 Sätz gewannen, woumat Nidderkäerjeng 4:3 gewënnt an an d'Halleffinall anzitt.
D'Resultater am Iwwerbléck
Resultater
Dammen
Och bei den Damme sinn däi Véierelsfinalle gespillt ginn.
An enger spannender Partie, an där et um Enn 4:2 geheescht huet, konnt Bäerdref sech géint Houwald duerchsetzen.
Recken hat keng Problemer mat Bartreng an huet sech souverän mat 4:0 duerchgesat.
Och d'Damme vum Titelverdeedeger Rued hu sech souverän fir d'Halleffinall qualifizéiert, dat mat engem 4:1-Succès géint Lenneng.