Ettelbréck spillt géint Steesel, Esch trëfft op d'Fiels

© Emile Mentz (Archiv)
Um Samschdeg goufen zu Conter d'Halleffinalle vun der Coupe ausgeloust, déi den 18. a 19. Januar an der Coque um Kierchbierg gespillt ginn.
Hären
An der Coupe Loterie Nationale bei den Hären spillt den ongeschloene Leader aus der Enovos League Etzella Ettelbréck géint de Champion Amicale Steesel. Am zweete Match trëfft d'Arantia Fiels op de Basket Esch.
Dammen
Am Lalux Ladies Cup bei den Dammen spillt den Titel-Verdeedeger T71 Diddeleng géint d'Sparta Bartreng, den ongeschloene Leader aus der Enovos League Gréngewald Hueschtert kritt et mam AB Conter ze dinn.
Hei d'Matcher am Iwwerbléck:
Samschdeg, den 18. Januar
Dammen: AB Conter - Gréngewald Hueschtert
Hären: Amicale Steesel - Etzella Ettelbréck
Sonndeg, den 19. Januar
Dammen: Sparta Bartreng - T71 Diddeleng
Hären: Arantia Fiels - Basket Esch