Norwegen feiert den 10. Europameeschter-Titel

© AFP
No engem gudde Start huet Dänemark an der 2. Hallschent staark ofgebaut a kasséiert eng héich 23:31-Defaite an der Finall.
Norwegen huet sengem Trainer Thorir Hergeirsson a sengem leschte Match no 15 Joer den ideale Kaddo gemaach a feiert den 10. EM-Titel bei der 13. Participatioun un enger Finall. Mam 31:23 bleift Norwegen bei der ganzer EM ongeschloen. Et ass den drëtten Titel hannertenee fir d’Skandinavierinnen.
Dänemark hat de bessere Start an dëse Match, virun allem d’dänesch Golkippesch Kristensen war gut opgeluecht. Si konnt an den éischten 10 Minutte 6 Parade realiséieren, war am weidere Verlaf awer kee Facteur méi. Norwegen huet 8 Minutte fir den éischte Gol gebraucht. Duerno koum de Rekordchampion besser an de Match a konnt an der 23. Minutt eng éischt Kéier a Féierung goen. De Pausestand war 13:12 fir d‘Norweegerinnen.
Dës koume besser aus de Kabinnen a konnte sech mat Hëllef vun hirer Golkippesch Solberg eng komfortabel Avance erausspillen, déi hinnen herno d’Victoire bruecht huet. Dänemark hat e katastrophale Start a blouf iwwer 7 Minutten ouni Gol an huet och duerno net méi zu sengem Spill fonnt. Ab der 44. Minutt si si engem 7-Goler-Réckstand hannendru gelaf, woumat dës Finall fréi decidéiert war. Et war eng vun de klorste Finallen an de leschte Joren.
Ungarn konnt sech an engem spannende Match géint Frankräich d’Bronzemedail sécheren (25:24). D’Magyarinnen huelen domat no 12 Joer nees eng Medail vun engem Turnéier mat heem. Déi vill ugereest ungaresch Zuschauer hunn de Match zu Wien zu engem Heemmatch gemaach. Den amtéierende Weltmeeschter Frankräich war quasi de ganze Match iwwer engem Réckstand hannendru gelaf, konnt wuel ëmmer nees ausgläichen, mee ab der 15. Minutt net méi a Féierung goen.
Scho virun de leschte Matcher hat d’EHF d’All-Star-Team publizéiert. Zu dëse siwe Leit zielt ë.a. d’Henny Reistad vum Europameeschter Norwegen, mee och d’Emma Friis an d’Anna Kristensen vum EM-Zweeten Dänemark fanne sech hei erëm. Vum Bronzemedail-Gewënner Ungarn hunn et d’Katrin Klujber an d’Viktoria Gyori-Lukács an dës Ekipp gepackt. Ausserdeem gouf d’Ungarin Petra Simon zur beschter jonker Spillerin gewielt.