An der NBA hunn d'Golden State Warriors an d'Dallas Mavericks an der Nuecht op e Méindeg en neie Rekord opgestallt.

Bei der 143:133-Victoire vum Vize-Champion Dallas Mavericks géint d'Golden State Warriors hu béid Ekippen zesummen 48 Dräier markéiert, souvill Schëss aus der Distanz goufen nach ni an engem Match an der NBA getraff. D'Golden State Warriors hunn eleng an der éischter Hallschecht 18 Mol vun hanner der Dräierlinn getraff, e Rekord an enger Hallschecht. Um Enn konnt d'Ekipp ronderëm de Superstar Steph Curry 27 Dräier erasetzen, d'Mavericks koumen op 21 Dräier.

Um Enn konnt de Sloween Luka Doncic seng Ekipp mat 45 Punkten, dorënner 7 perséinlech Dräier, zu der Victoire an dëser historescher Partie féieren. Hie koum mat 11 Rebounds an 13 Assists op en Triple Double. Säin Teamkolleeg Klay Thompson konnt géint seng fréier Ekipp mat 29 Punkte iwwerzeegen.