Um Dënschdeg war den Optakt vum 14. Spilldag an der Enovos League bei den Hären.

Am Duell vun den Opsteiger stounge sech d'US Hiefenech a Munneref géintiwwer. D‘Zuschauer hunn e spannende Match gesinn, deen eréischt an de leschte Minutten entscheet gouf. Um Enn wënnt Munneref mat 86:77 a séchert sech domat déi zweete Victoire dës Saison, béid Victoiren huet Munneref géint Hiefenech geholl. D‘Profispiller Ross (30) a Small (27) hunn zesumme 57 Punkten markéiert.

Um Mëttwoch ass d'Suite vum 14. Spilldag mat de weidere Matcher, bei den Damme steet de kompletten 13. Spilldag um Programm.