Milwaukee Bucks gewannen de Coupe-Titel

© AFP
An der NBA gouf an der Nuecht op e Mëttwoch zu Las Vegas d'Coupe-Finall gespillt.
Zanter der Saison 2023/24 gëtt et an der stäerkster Basketliga op der Welt och e Coupe-Titel, de sougenannten Emirates NBA-CUP. Nodeems d'Los Angeles Lakers sech den éischten Titel 2024 séchere konnten, geet déi zweet Editioun un d'Milwaukee Bucks.
D'Ekipp ronderëm de Superstar Giannis Antetokounmpo huet sech an der Finall mat 97:81 géint d'Oklahoma City Thunder duerchgesat. De Griich konnt dobäi en Triple double markéieren, hie koum op 26 Punkten, 19 Rebounds an 10 Assists a gouf wéineg iwwerraschend zum MVP, deemno de wäertvollste Spiller vum Coupe-Turnéier, gewielt. Donieft konnt den Damian Lillard 23 Punkten erasetzen. Dem Géigner Oklahoma ass eng schwaach Trefferquot zum Verhängnes ginn, nëmme 5 vun 32 Dräier hunn de Wee an de Filet fonnt, ze wéineg, fir am moderne Basket ze gewannen.
An der Liga leeft et fir Milwaukee dogéint nach net ganz ronn, d'Ekipp steet mat enger Bilanz vu 14 Victoiren an 11 Defaiten just op Plaz 5 am Osten, d'Oklahoma City Thunder sti mat enger staarker 20:5 Bilanz op Plaz 1 am Westen.
Neit Format fir d'All Star Game
Eng weider Nouvelle gëtt et aus der NBA zum All Star Game, dat am Februar gespillt gëtt. Fir déi éischte Kéier wäert et e Mini-Tournoi gi mat am Ganze véier Ekippen, déi sech an 2 Halleffinallen an enger Finall géintenee moossen. Déi lescht Jore war d'All Star Game e renge Showmatch ouni sportlechen Éiergäiz, deem wëll d'NBA mat dësem neie System entgéintwierken.