Um Mëttwoch war an der Enovos League bei den Hären d'Suite vum 14. Spilldag, bei den Damme stoung de kompletten 13. Spilldag um Programm.

Resumé Basket-Championnat / Reportage Guy Seyler

Hären

D'Serie vun der Etzella Ettelbréck geet um leschte Spilldag vum Joer 2024 op en Enn. Auswäerts gouf et fir d'Etzella déi éischten Néierlag vun der Saison, de Champion Amicale setzt sech um Enn mat 100:85 géint d'Etzella duerch. D'Gäscht si bal de ganze Match engem klenge Réckstand hannendru gelaf, 7 Minutte viru Schluss waren déi Ettelbrécker op 3 Punkten drun, duerno huet de Champion d'Kontroll iwwerholl a wënnt um Enn verdéngt mat enger staarker kollektiver Leeschtung. Den Alex Laurent (24 punkten) an de Bob Melcher (23) hunn zesumme 47 Punkte gehäit an domat fir eng Victoire gesuergt.

Spektakulär a gläichzäiteg kuriéis wënnt d'Sparta Bartreng mat 85:83 géint d'Musel Pikes. Nodeems de Max Logelin zwou vu sengen dräi Foten verwandele konnt, fir de Match auszegläichen, huet de Victor Stein de Ball beim Aworf geklaut an den entscheedende Kuerf per Buzzer-Beater geworf.

Den T71 Diddeleng setzt sech auswäerts mat 77:71 géint de Basket Esch duerch a verkierzt domat de Réckstand an der Tabell op de Géigner op 1 Punkt. Ouni den Nationalspiller Thomas Grün war Esch geschwächt, an awer koum ee gutt an de Match. Diddeleng huet no der Paus gedréint a 54 Punkte geworf, nodeems d'Gäscht an der Paus nëmmen 23 Punkten um Kont haten. Den Edward Colbert koum op 29 Punkte fir d'Gäscht.

Den AB Conter setzt sech auswäerts mat 80:69 géint d'Résidence Walfer duerch an zitt domat an der Tabell mam Géigner gläich. Obwuel hien de Match vun der Bänk ugefaangen huet, koum de Charel Moes um Enn op 21 Punkte fir d'Gäscht.

D'Arantia Fiels wënnt mat 92:83 géint Mamer, dat an engem Match, dee méi enk war wéi d'Resultat um Enn vermudde léisst. De Kiandre Gaddy konnt 28 Punke fir d'Lokalekipp markéieren. D'Fiels hat nëmmen ee Profi am Kader an dësem Match.

En Dënschdeg schonn hat den Tabelleleschte Munneref zu Hiefenech gewonnen.

Dammen

Bei den Damme bleift de Champion Gréngewald Hueschtert ongeschloen. D'Loaklekipp setzt sech mat 74:69 géint den AB Conter duerch. D'Gäscht hu sech am leschte Véierel nees zeréck an de Match gekämpft an d'Partie gouf eréischt mat de leschten Aktiounen entscheet. D'Alexus Johnson vum Gréngewald hat 25 Punkten an 28 Rebounds um perséinleche Kont.

D'Sparta Bartreng notzt eng staark Schlussphas, fir sech 77:66 zu Steesel duerchzesetzen. D'Kyaja Williams konnt 23 Punkten erasetzen, d'Lena Mersch huet 18 Punkte bäigesteiert.

Wolz wënnt auswäerts duerch eng equilibréiert Ekippeleeschtung mat 78:67 géint Esch. D'Profispillerin Wright-Ponder huet 28 Punkte markéiert fir d'Gäscht.

Den T71 Diddeleng setzt sech mat 80:57 géint d'Musel Pikes duerch. D'Isi Etute konnt mat 22 Punkten iwwerzeegen, Diddeleng hat sech fréi am Match ofgesat géint e Géigner vun der Musel, deen nëmmen eng Profispillerin am Kader hat.

An der Enovos League ass elo eng kuerz Wanterpaus, vum 3. Januar u geet et nees weider.