Gym stellt Mamer e Been

© AFP (Archiv)
Bei den Damme geet Péiteng als Tabelleleader an d'Wanterpaus. Bartreng steet bei den Häre ganz uewen, knapp viru Stroossen a Luerenzweiler.
Hären
De leschte Spilldag vum Joer 2024 huet sech iwwer dräi Deeg erstreckt. E Mëttwoch hat sech den Tabelleleader Bartreng no 5 Sätz 3:2 zu Fenteng behaapt. Den éischte Saz war knapp un d'Haushäre gaangen, éier d'Gäscht de Match zu hire Gonschten dréine konnten. Fenteng koum awer nach eng Kéier zeréck, soudass et an den entscheedende fënnefte Saz huet musse goen.
En Donneschdeg hat Stroossen keng Problemer beim 3:0 zu Iechternach an e Freideg huet sech den Tabellendrëtte Luerenzweiler och 3:0 beim Chev Dikrech duerchgesat.
Dammen
Och den 10. Spilldag vun den Damme war op dräi Deeg verdeelt. En Donneschdeg huet sech Iechternach dem RSR Walfer an engem enke Match 0:3 musse geschloe ginn.
Um Freidegowend huet den Escher VBC de VC Stengefort 3:1 geklappt an den Tabelleleader Volley80 Péiteng hat beim 3:0 keng Problemer mat Batreng.
De Spilldag gouf e Samschdeg mam Match Gym géint Mamer, de laangjärege Rivalen ëm den Titel, ofgeschloss. Hei ass d'Ekipp aus der Haaptstad mat 3:0 als Gewënner vum Terrain gaangen. Déi zwee éischt Sätz waren immens serréiert, den drëtte Saz goung méi kloer un d'Gym. Et ass déi zweet Néierlag hannertenee fir Mamer.