D’Lëtzbuergerin spillt am Moment hir éischt Saison an Italien a weess och hei genau wéi déi lescht Joren zu Maine op der Uni ze iwwerzeegen.

No dem Sportslycée zu Lëtzebuerg ass d’Anne Simon an d’USA studéiere gaangen, wou si och 4 Joer op der University of Maine Basket gespillt huet. Hei huet d’Lëtzebuerger Nationalspillerin ze iwwerzeege gewosst, an huet eng sëllegen Auszeechnunge krut fir hir Leeschtungen.

D'Anne Simon bléckt zeréck op hir Karriär an den USA
D'Lëtzebuergerin huet déi lescht Joren an den USA Basket gespillt, elo geet hir Karriär an Italien weider an och fir d'FLBB-Formatioun wäert si rëm spillen

Zanter dëser Saison spillt d’Lëtzebuerger Nationalspillerin an Italien an der héchster Basket-Divisioun bei der Ekipp "Alama San Martino". Momentan ass d’Ekipp vun der Lëtzebuergerin 6. an der Tabell, dat mat 4 gewonnen a 6 verluerene Matcher.

Nodeems se déi éischt 6 Matcher an der Saison verluer huet, huet d’Ekipp sech erkritt a konnt déi leschte 4 Matcher gewannen. A genau fir dës Victoiren huet d’Anne Simon ee groussen Deel bäigesteiert. Am Mount Dezember huet d’Spillerin eng Moyenne vun 18 Punkten a 4.3 Rebounde gehat. Dat bei enger super Quot vun net manner wéi 63% vun 2 a sensationellen 69% vun der Dräierlinn.

Am Juni war d'Anne Simon Invitée vum Jeff Kettenmeyer am Podcast Drëtt Hallschent.