FLVB-Dammen an -Häre wannen hir Matcher

© Screenshot
Den zweeten Dag vum Novotel Cup kruten d'Spectateuren zwou kloer Victoirë vun de Roude Léiwen ze gesinn.
Um zweete Spilldag war et den éischten Optrëtt vun de Lëtzebuerger Damme bei der 35. Editioun vum Novotel Cup an der Coque. D'Lëtzebuergerinne konnte sech iwwer eng kloer 3:0-Victoire géint England freeën. D'Ekipp vum Nationaltrainer Fabio Aiuto war vun Ufank u gutt am Match a konnt hir dräi Sätz kloer gewannen (25:17, 25:18, 25:19). E Sonndeg spillen d'Rout Léiwinne géint d'U18 vun Däitschland, déi e Freideg 2:3 géint England verluer haten.
D'FLVB-Häre schléissen hir Participatioun beim Novotel Cup mat enger Victoire of. Géint d'U19 vun Däitschland hu sech d'Spiller vum Nationaltrainer Pompiliu Dascalu mat 3:0 (25:21, 25:17, 25:23) duerchgesat. Och wann d'Resultat kloer ausgesäit, war et phaseweis en haarde Kampf fir d'Rout Léiwen. Virun allem zum Enn hin hätten d'Lëtzebuerger bal nach den drëtte Saz aus der Hand ginn. Däitschland hat no engem schlechten Ufank hannen eraus nach eng Kéier alles erageluecht, mee um Enn goung et net duer.
E Sonndeg steet den drëtte Spilldag um Programm, deen Dir vun 12.00 Auer un am Livestream op RTL.lu suivéiere kënnt.