Walfer wënnt enke Match géint d'Musel Pikes mat 106:104

Um Dënschdeg gouf an der Enovos League bei den Hären en Nodrosmatch vum 15. Spilldag gespillt.
D'Musel Pikes sinn deziméiert an de Match géint d'Résidence Walfer gestart. Nëmmen 8 Spiller hat d'Ekipp vum Trainer Brian Carroll am Kader, donieft stoung mam Christian Brandon just ee Profispiller zur Verfügung. D'Gäscht vu Walfer hunn d'Partie séier ënner Kontroll bruecht a louchen an der Paus ma 57:41 a Féierung, de Leon Ayers hat no 20 Minutte schonn 28 Punkten um perséinleche Kont stoen. Am drëtte Véierel huet d'Lokalekipp eng Reaktioun gewisen an de Réckstand bis op 2 Punkte verkierzt. Ee Match, deen an der éischter Hallschecht scho virentscheet gewierkt huet, ass an der Schlussphas spannend ginn. D'Musel Pikes haten a Persoun vum Quentin Bouttet d'Chance sech an d'Verlängerung ze retten, den Dräier huet d'Zil allerdéngs verfeelt a Walfer setzt sech um Enn mat 106:104 duerch.
Mat 44 Punkte war de Spiller vum Match den Amerikaner Leon Ayers, deen och zum Schluss déi entscheedend Kierf geworf huet. Walfer steet domat op enger gedeelter zweeter Plaz an der Tabell, d'Pikes sinn op der gedeelter leschter Plaz mat Munneref.
E weidere Match vum 15. Spilldag tëschent dem AB Conter an der US Hiefenech gëtt de 15. Januar gespillt.