Futtball
Jonke Lëtzebuerger Bilal Dardari ass bei d'U19 vu Schalke gewiesselt

© Image Schalke 04
De 16 Joer jonke Mëttelfeldspiller Bilal Dardari ass vun elo u keen Diddelenger méi, mä ee Schalker.
Hie wiesselt vum Lëtzebuerger Veräin F91op Gelsenkirchen bei d'U19 vu Schalke. Déi éischt Trainingsunitéit wier och scho gemeeschtert an de Chef-Trainer Norbert Elgert wier zefridde mam Nowuesstalent vu Lëtzebuerg."Ech si frou, dass hie sech fir eis decidéiert huet, well och aner Veräiner un him interesséiert waren", heescht et op der Websäit vun de Kinneksbloen.
Schonn nächste Weekend soll de Bilal Dardari da scho scho fir den neie Veräin um REWE Juniorcup zu Göttingen um Terrain stoen.
Am meeschte gelies