Kann Dänemark Geschicht schreiwen?

© AFP
No den Dammen am Dezember sinn d’Hären am Januar am Asaz. Gespillt gëtt déi 29. Weltmeeschterschaft a Kroatien, Norwegen an Dänemark.
No der Europameeschterschaft am Januar 2024 steet 2025 d’Weltmeeschterschaft am Handball um Programm. Organisateure vun der 29. Editioun, déi vum 14. Januar bis den 2. Februar gespillt gëtt, si Kroatien, Norwegen an Dänemark, woubäi d’Finall zu Oslo iwwer d’Bün geet.
Bei dëser Editioun kann de Co-Organisateur Dänemark Geschicht schreiwen a sech säi 4. Titel hannertenee sécheren. Dat huet net emol de Rekordweltmeeschter Frankräich zu senge beschten Zäiten hikritt. "Les Bleus" gehéieren als Europameeschter awer och zu den Toppfavoritten op de Weltmeeschtertitel. Et wär hire 7. Titel am Ganzen.
Nieft dësen zwee Topfavoritte gëtt et nach e grousse Pool un Ekippen, déi zum erweiderte Favorittekrees zielen, an deem haaptsächlech europäesch Verbänn ze fanne sinn.
Däitschland, dat mat Plaz 4 bei der Heem-Europameeschterschaft 2024 op sech opmierksam maache konnt, zielt zum erweiderte Favorittekrees. D’Ekipp vum Trainer Alfred Gislason wëll eng gutt Campagne ofliwweren, well den DHB 2027 déi nächst Weltmeeschterschaft am eegene Land organiséiert.
Experte gesinn och gutt Chancë fir Portugal, wann d’Turnéier gutt verleeft. Weider gi Spuenien a Schweden gutt Chancen agerechent. An och Kroatien, de Géigner vun der FLH-Selektioun an der EM-Qualifikatioun, als Co-Orgnisateur huet d’Potenzial ze iwwerraschen. Als eenzeg net-europäesch Ekipp gëtt ëmmer Ägypten genannt.
Mat Guinea ass eng Ekipp fir eng alleréischt Kéier bei der WM dobäi. An Italien ass no 28 Joer Abstinenz emol nees bei enger Weltmeeschterschaft vertrueden.
Et gëtt souguer eng lëtzebuergesch Participatioun bei dësem Turnéier. Vum Chev Dikrech sinn de Gilson Correia an de Bruno Fernandes fir de Cap Vert selektionéiert a spillen an der Grupp G géint Island, Slowenien a Kuba. Bei senger drëtter Participatioun wëll sech d‘afrikanescht Land fir d’Haaptronn qualifizéieren.
De Modus bei der Weltmeeschterschaft ass follgenden: Fir d’éischt triede 4 Ekippen a jee 8 Gruppe géinteneen un a spillen ëm den Ticket an d’Haaptronn. Déi dräi bescht Ekippe komme weider a spillen an der Haaptronn ëm d’Véierelsfinallen. Duerno geet et am K.O.-Modus weider bis an d’Finall. D’Ekippen, déi an der Haaptronn op déi lescht Plaz koumen, spillen nach de President’s Cup.
Am Virfeld vun der Weltmeeschterschaft huet en internt Schreiwes vun der Internationaler Handball-Federatioun (IHF) fir Rumouers gesuergt. D’IHF mécht sech Suergen, ob den Handball 2028 zu Los Angeles nach zum Programm vun de Summerspiller ziele wäert. Dat well den Handball ze staark vun europäeschen Natiounen dominéiert gëtt a Verbänn vun anere Kontinenter keng realistesch Chance op en Titel hunn. Eng Alternativ kéint e Wiessel an de Wanter sinn, mee do stinn dann ëmmer d’Welt- an Europameeschterschaften um Programm.