Handball
Chris Auger gëtt Co-Trainer vun der Dammennationalekipp

© Val Wagner (Archiv)
RTL-Informatiounen no ass de Staff vun der Dammen-Handballnationalekipp nees komplett.
Den Nationaltrainer Michel Scheuren kritt mam Chris Auger, dem aktuellen Déifferdenger Golkipp, en neie Co-Trainer. De Bierchemer Golkipp a Golkipptrainer Szilveszter Liszkai wäert dem Chris Scheuren als Golkipptrainer assistéieren. Kuerz virun der leschter Campagne hat am Oktober zejoert den deemolege Co-Trainer vun der Dammen-Handballnationalekipp Erny Hoffmann sech zréckgezunn.
Am meeschte gelies