Um Mëttwoch stoung an der Enovos League bei den Hären en Nodrosmatch vum 15. Spilldag um Programm.

Den Opsteiger Hiefenech huet sech auswäerts mat 82:79 géint den AB Conter duerchgesat, dat no enger spannender Schlussphas. No enger ausgeglachener éischter Hallschecht hu béid Ekippen d'Säite beim Resultat vun 39:39 gewiesselt. Wéi den Hiefenecher Profispiller Londell King am drëtte Véierel säi véierte perséinleche Feeler krut, hat Conter déi besser Kaarten. Allerdéngs huet de Lual Ding mat engem perséinlechen 10:0-Laf zum Start vum véierte Véierel dofir gesuergt, dass d'Gäscht sech ofsetze konnten.

Conter huet sech an de leschte Minutten zeréck gekämpft an d'Entscheedung ass eréischt an de leschte Sekonne gefall. De Max Schmit huet 25 Sekonne viru Schluss e wichtegen Dräier getraff. Mat der leschter Aktioun vum Match huet d'Lokalekipp eng Méiglechkeet net genotzt fir sech an d'Verlängerung ze retten. De Londell King Jr konnt 28 Punkte fir d'Gäscht markéieren, de Lual Ding konnt 26 Punkten zur Victoire bäisteieren. Conter verpasst domat de Sprong op eng gedeelten zweete Plaz an der Tabell, Hiefenech séchert sech déi fënnefte Victoire am 16. Match.