Bei den Damme konnt sech d'Sofia Goggia beim Klassiker zu Cortina d'Ampezzo duerchsetzen.

Schi Alpin


Zu Wengen an der Schwäiz huet sech e Samschdegmëtteg de Marco Odermatt duerch ee staarken Duerchgang d'Victoire an der Descente vun den Häre geholl. Mat engem Chrono vun 2:22.58 Minutte stoung de Schwäizer um Enn mat 0.37 Sekonne viru sengem Landsmann Franjo von Allmen an 0.57 Sekonne virum Miha Hrobat aus Slowenien.


Bei den Damme stoung de Klassiker zu Cortina d'Ampezzo um Programm, wou d'Italienerin Sogia Goggia mat vill Risiko an der Descente wanne konnt. Mat engem Chrono vun 1:33.95 Minutt stoung si um Enn virun der Norwegerin Kajsa Vickhoff Lie (+0.42) a virun der Italienerin Federica Brignone (+0.55).

Biathlon

Am Biathlon waren e Samschdeg d'Dammen an der Staffel iwwer 4x6 Kilometer gefuerdert. D'Victoire gouf et dobäi fir d'Ekipp aus Däitschland. No enger gudder Stonn konnte si sech mat 17.40 Sekonnen Ecart op Norwegen a 25.80 Sekonnen op Frankräich déi éischt Plaz sécheren.


Bei den Hären huet de Johannes Thingnes Bö annoncéiert, datt hien no der Saison e Schlussstréch ënnert seng Karriär zitt.

Schisprangen

Am polneschen Zakopane war e Samschdeg d'Ekippesprange bei den Hären. Um Enn konnt sech Éisträich mat 1170.40 Punkten d'Victoire viru Slowenien (1129.60) an Norwegen (1122.90) sécheren.