E Samschdeg ass den Optakt vun den Halleffinallen bei den Dammen an Hären an der Coque um Kierchbierg.

Hären

Bei den Hären ass de Champion Amicale Steesel staark an de Match gestart a louch séier 9:0 a Féierung. Ettelbréck huet e puer Minutte gebrauch fir de Rhythmus ze fannen, dunn ass d'Ekipp aus dem Norde waarm gelaf. Am zweete Véierel huet de Philippe Gutenkauf véier Dräier getraff an de Yann Wolff dräi Stéck, zesummen hunn déi zwee Spiller dofir gesuergt dass Ettelbréck an der Paus mat 46:36 fir louch. Fir Steesel koum dobäi, dass den Alex Laurent mat dräi perséinleche Feeler an d'Paus gaangen ass.



Am drëtte Véierel konnt Ettelbréck de Virsprong weider ausbauen an ass mat engem däitleche Virsprong (71:54) an déi leschten 10 Minutte gestart. Steesel huet et net fäerdeg bruecht nach emol fir Spannung an dëser Partie ze suergen, um Enn ass et eng souverän 87:62-Victoire fir Ettelbréck.



Iwwerzeegt huet den Nationalspiller Philippe Gutenkauf mat 27 Punkten, dorënner 6 Dräier. De Yann Wolff huet 17 Punkten a 14 Rebounds zur Victoire bäigesteiert. 



Um Sonndeg spillt an der zweeter Halleffinall d'Arantia Fiels géint de Basket Esch. 

Dammen

Bei den Damme steet de Champion Gréngewald Hueschtert als éischt Ekipp an der Coupe-Finall. Den ongeschloene Leader aus der Enovos League setzt sech knapp mat 60:57 géint den AB Conter duerch. An der Paus stoung et 27:27 gläich. Nodeems sech och am drëtte Véierel keng Ekipp entscheedend ofsetze konnt, hunn déi ronn 1000 Spectateuren eng spannend Schlussphas gesinn. Conter hat kuerz viru Schluss d'Méiglechkeet de Match auszegläichen, d'Profispillerin Beyonce Bea huet allerdéngs en Dräier mat der Schluss-Siren verfeelt.

Stäerkste Spillerin bei Hueschtert war d'Alexus Johnson mat 25 Punkten an 20 Rebounds, bei Conter koum d'Nationalspillerin Esmeralda Skrijelj op 19 Punkten an 18 Rebounds.

Resumé vun der Basket-Halleffinall vun den Dammen / Rep. Jeff Kettenmeyer

E Sonndeg spillt d'Sparta Bartreng géint den T71 Diddeleng an der zweeter Halleffinall bei den Dammen.

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Hären

Dammen