Punktgläich war et fir béid Ekippen an de Match gaangen. Duerch eng 3:2-Victoire ass Walfer elo eleng neien Tabelleleader bei den Dammen.

E Samschdeg war bei den Dammen a bei den Hären den 11. Spilldag am nationale Volleyballchampionnat.

Dammen

Am Spëtzematch vun den Damme wënnt den RSR Walfer mat 3:2 géint Péiteng a setzt sech domadder op déi 1. Plaz an der Tabell. Dobäi hat de Gaascht vu Péiteng de bessere Start an d'Partie erwëscht a konnt den éischte Saz fir sech entscheeden. Duerno war Walfer awer zeréck komm a konnt zwee Sätz hannertenee fir sech entscheeden. Mat vill Kampfgeescht huet Péiteng zwar nach an ee fënnefte Saz gepackt, wou dann den RSR awer d'Nues vir hat a mat 15:7 de Match entscheede konnt.

An de weidere Matcher vum Samschdeg gouf et eng kloer 3:0-Victoire fir de VC Mamer géint den Escher VBC, den Gym Volley huet sech mat 3:1 zu Bartreng behaapt an de VC Stengefort konnt sech mat 3:0 géint Iechternach duerchsetzen.

Hären

Bei den Häre bleift de Volley Bartreng no enger 3:1-Victoire géint den CHEV Dikrech weider Tabelleleader. Zwee Punkten hannedru bleift de VC Stroossen, dee sech e Samschdeg och mat 3:0 géint de VC Fenteng duerchsetze konnt. En 3:0-Succès gouf et dann och nach fir de VC Luerenzweiler géint den Escher VBC.