Um Sonndeg war d'Suite vun den Halleffinalle bei den Dammen an Hären an der Coque um Kierchbierg.

Insgesamt hunn um Sonndeg 1600 Supporter déi zwee Matcher an der Coque besicht.

Hei fannt Dir de Replay vun de Matcher.

Hären

De Basket Esch huet géint d'Arantia Fiels missen op de Clancy Rugg verzichten, deen sech leschte Weekend blesséiert hat an e puer Wochen ausfält. D'Ekipp vum Trainer Franck Mériguet huet allerdéngs gutt an de Match fonnt a louch am zweete Véierel ee Moment 42:25 a Féierung. D'Fiels huet mat engem staarke Laf virun der Paus dofir gesuergt, dass de Réckstand zur Paus just nach 6 Punkte grouss war (46:40).

Am drëtte Véierel huet d'Fiels den Uschloss fonnt an et huet sech eng spannend Partie entwéckelt. Esch huet an der Schlussphas vum Match dei wichteg Schëss getraff a setzt sech um Enn no hektesche leschte Sekonne mat 91:88 duerch.

Beim Basket Esch hu fënnef Spiller zweestelleg gescort, de Quinten Nelson hat mat 23 Punkten déi meeschten um perséinleche Kont, den Thomas konnt mat 17 Punkten a 17 Rebounds iwwerzeegen.

Um Samschdeg hat sech d'Etzella Ettelbréck mat 87:62 géint d'Amicale Steesel behaapt. D'Finalle stinn de 15. Mäerz um Programm.

Dammen 

Bei den Damme konnt sech d'Sparta Bartreng däitlech géint den T71 Diddeleng behaapten. D'Ekipp vum Trainer Mike Feyder louch schonn nom éischte Véierel 29:11 a Féierung. Diddeleng huet kee Rhythmus fonnt an d'Schëss sinn zu kengem Zäitpunkt vum Match gefall. Spéitstens am Laf vum drëtte Véierel, wéi Bartreng de Virsprong op 30 Punkten eropschrauwe konnt, war des Partie entscheet. Um Enn ass et eng kloer 82:62-Victoire fir Bartreng.

D'Kyaja Williams huet 25 Punkte markéiert, d'Regan Schnek konnt 23 Punkte bäisteieren.

Den Interview mam Trainer vun der Sparta Mike Feyder
D'Sparta steet genee wéi de Gréngewald an der Finall vun der Coupe.

Um Samschdeg hat sech de Champion Gréngewald Hueschtert knapp mat 60:57 géint den AB Conter duerchgesat.

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Dammen

Hären