Éischt Véierelsfinalisten a -Finalistinne sti fest

An der Nuecht op e Sonndeg respektiv e Sonndeg de Moien eiser Zäit goufen déi éischt Partie vun den Aachtelsfinalle gespillt.
Op den Australian Open am Tennis, dem éischte Grand-Slam-Tournoi vum Joer, steet bei den Dammen d‘Aryna Sabalenka an der Véierelsfinall. D‘Nummer 1 op der Welt aus dem Belarus huet sech kloer an zwee Sätz (6:1, 6:2) géint d‘Mirra Andrejewa aus Russland duerchgesat. D‘Coco Gauff aus den USA huet dräi Sätz (5:7, 6:2, 6:1) géint d‘Belinda Bencic aus der Schwäiz gebraucht.
Bei den Hären ass de Spuenier Carlos Alcaraz nom Abandon vum Britt Jack Draper an der Ronn vun deene leschten 8. Déi éischt zwee Sätz hat de Spuenier 7:5 a 6:1 gewonnen, éier de Britt opginn huet. Den Däitschen Alexander Zverev wënnt a véier Sätz (6:1, 2:6, 6:3, 6:2) géint den Franous Ugo Humbert.
De Serb Novak Djokovic huet sech an 3 Sätz (6:3, 6:4, 7:6) géint den Jiri Lehecka aus der Tschechescher Republik behaapt an den Amerikaner Tommy Paul klappt an dräi Sätz, all Kéier 6:1, de Spuenier Alejandro Davidovich Fokina.