André Hartmann a Camille Gonderinger demissionéieren

Den aktuelle President an den aktuellen Tresorier vun der FLTT hunn ugekënnegt, datt si hir Poste fréizäiteg wéilten zur Verfügung stellen.
Dëst hunn den André Hartmann an de Camille Gonderinger an engem gemeinsame Schreiwes un d'Veräiner vun der Dëschtennisfederatioun annoncéiert. Deemno wéilte si zur Verjéngung vun der Federatioun bäidroen, well ee gemierkt hätt, datt rezent eng Partie jonk Leit gewisen hätten, datt se eng gréisser Roll bei der FLTT iwwerhuele wéilten. Eigentlech wier hiert Mandat jo nach bis 2026 gaangen, nodeems si d'lescht Joer um Kongress erëmgewielt goufen.
Den André Hartmann an de Camille Gonderinger wäerten nach bis zum Kongress den 12. Abrëll op hire Poste bleiwen. Do wäerten dann eng Partie nei Leit musse gewielt ginn. Schonns méi fréi hat jo schonn de Ralf Greis säi Posten als President vun der Commission Technique zur Verfügung gestallt.
An de leschte Wochen a Méint stoung d‘Dëschtennisfederatioun jo ëmmer nees am sportlech-administrative Mëttelpunkt mam Zwist, deen op den Olympesche Spiller tëscht deene Responsabele vun der Federatioun an der Profispillerin Sarah de Nutte zum Virschäin koum.
Kuerz nom Schreiwes vum President an Tresorier goung e weidere Communiqué un d'Veräiner eraus an zwar vun deene Leit, déi déi vakant Poste gäre géingen iwwerhuelen. De Charles Muller, deen aktuell scho Member vum CD ass, géing de Poste vum FLTT-President gären iwwerhuelen, de Frank Schreiber war bis ewell net am CD a géif gären als Tresorier gewielt ginn. De Steve Schmol mellt sech als méiglechen neie President vun der Commission Technique an de Gilles Michely kandidéiert als President vun der Commission des Relations Publiques.
Déi Véier schreiwen, datt si iwwerzeegt sinn, mat hirer Erfarung an hirem gemeinsamen Engagement, dozou bäidroen kënnen, d‘Interessen an d‘Ziler vun der Federatioun weiderhin erfollegräich vertrieden an fërderen ze kënnen.