D'Lëtzebuerger Dëschtennis-Häre ronderëm de Luka Mladenovic hunn e Freideg zwou Néierlage missen astiechen. Géigner waren d'Tierkei a Griichenland.

D'Ekippen-EM 2025 a Kroatien gëtt ouni d'Lëtzebuerger Dëschtennis-Häre gespillt. Luka Mladenovic a Co hunn e Freideg an der Qualifikatioun fir d'éischt mat 2:3 géint d'Tierkei verluer an duerno mat 0:3 géint de Gruppefavorit Griichenland.

Ee Match bleift den FLTT-Hären nach ze spillen. E Samschdeg de Mëtteg um 12.30 Auer heescht de Géigner Island. Hei geet et nach ëm déi drëtte Plaz am Grupp, ma nëmmen den Éischte qualifizéiert sech fir d'EM.

D'Qualifikatioun fir d'Ekippen-EM gëtt nach bis e Samschdeg zu Sarajewo a Bosnien-Herzegowina gespillt.