Éischt Néierlag fir Déifferdeng zanter dem 1. Spilldag

© Gilles Tricca / RTL
Am nationalen Handball stoung e Samschdeg bei den Hären de leschte Spilldag vu der Hironn um Programm.
An deen hat et och a sech. Bei den Hären huet de Leader Déifferdeng sech nämlech zanter dem 1. Spilldag emol nees misse geschloen ginn an dat beim Champion Bierchem. Diddeleng huet sech géint Esch behaapt a Käerjeng huet Rëmeleng geklappt.
An der Spëtzepartie tëschent den zwee Tabellenéischten Déifferdeng a Bierchem huet ee gemierkt, datt Wanterpaus war. Et war nämlech eng zerfuere Partie, wou béid Ekippe Schwieregkeeten haten, an e richtege Spillfloss ze fannen. Vill Goler sinn dann och an den éischten 30 Minutten net gefall. D'Säite si mat engem 12:9-Avantage fir de Champion gewiesselt ginn.
No der Paus konnt Bierchem sech no 38 Minutten eng éischte Kéier e 4 Goler Avantage erausspillen. D'Red Boys sinn dru bliwwen an no 43 Minutten hat de Leader just ee Gol Retard. Et huet ee gemengt d'Partie géif dréinen, mee Déifferdeng huet sech mat ville Strofe vun 2 Minutten nees selwer aus dem Konzept bruecht.
Virun 300 Spectateuren ass d'Lokalekipp an de leschte Minutte méi cool bliwwen a Schlussendlech setze sech Ben Weyer a Co mat 28:24 duerch.
Am Klassiker Diddeleng-Esch huet den HBD Revanche geholl fir Defaite am Allersmatch a gewënnt mat 30:27. Domat bleiwen déi Diddelenger weiderhin dës Saison doheem ongeschloen.
Käerjeng konnt sech doheem mat 29:23 géint Rëmeleng duerchsetzen.
Bierchem an Déifferdeng sti mat 24 Punkte ganz uewen an der Tabell virun Diddeleng, Esch a Käerjeng. Um Tabellewupp bleift Rëmeleng.
Déi wichteg Partie fir déi 6. Plaz tëschent Dikrech an dem Standard ass eréischt den nächste Weekend, well zwee Spiller vum Chev mam Cap Vert op der WM waren. Hei geet dem Standard e Gläichspill duer, fir an de Playoff no uewen ze kommen.
Bei den Dammen ass de Leader Diddeleng op Dikrech wanne gaangen, Käerjeng hat keng Problemer géint de Standard. D'Red Boys hu Réiden iwwerrannt an Esch huet de Museldall geklappt. Den nächste Samschdeg kënnt et hei zum Spëtzematch Diddeleng géint Käerjeng.