De Weekend sinn am nationale Volleyball d'Véierelsfinallen an der Coupe gespillt ginn.

Um fréie Sonndegowend huet de Volley Bartreng den Escher Volleyball Club iwwerrascht. An eegener Hal huet sech Bartreng all Kéiers direkt am Ufank vun de Sätz e Virsprong erspillt, dee si du bis zum Enn hale konnten. Mat 3 Mol 25:21 hu si sech hir Plaz am Final Four geséchert.
 
An der zweeter Sonndespartie krut et de VC Belair aus der éischter Divisioun mat der Gym Volley ze dinn. Déi 4 Punkte Retard hat d'Gym all Kéiers scho bei 10 Punkten ausgeglach a konnt vun do un hir Iwwerleeënheet souverän ausspillen. Och hei stoung et um Enn 3:0 (25:18, 25:16, 25:21).

Virun enger Woch huet d'Résidence Walfer am Championnat nach 5 Sätz gebraucht, fir sech géint de Volley80 Péiteng duerchzesetzen. An der 1/4-Finall e Samschdeg hunn Nathalie Braas a Co just den éischte Saz mat 23:25 ofginn, fir duerno kloer 25:18 an zweemol 25:21 ze gewannen. Virun allem déi fréier franséisch Profispillerin Polina Bratuhhina-Pitou huet mat hirer Erfarung d'Differenz gemaach.

Dem VC Stroossen aus der éischter Divisioun hunn och déi 4 Punkte Virsprong pro Saz géint Mamer net gehollef. Den Titelverdeedeger behaapt sech kloer mat 3:0 (25:18, 25:18 a 25:14).

De Final Four gëtt vum 6. bis den 9. Mäerz zu Stroosse gespillt. Den Tirage vun den Halleffinallen ass en Dënschdeg den Owend.
 
Bei den Hären hu sech d'Favoritte keng Bléis ginn

Am éischte Match konnt Esch de VB Amber-Lënster aus der éischter Divisioun mat 3:0 bezwéngen an domat, wéi schonn 2024, den Ticket fir d'Halleffinalle léisen.

Am zweeten Duell tëschent engem Veräin aus der éischter Divisioun an engem aus der Nationaldivisioun hat den RSR Walfer keng Chance géint eng routinéiert an agespillten Ekipp vun Hesper, dem VC Fenteng. De 25:12, 25:17 a 25:10 (bei 4 Punkte Virsprong pro Saz) schwätzen eng kloer Sprooch.

De Volleyball Iechternach konnt säin Exploit vun enger Participatioun am Final 4 vun 2024 net widderhuelen. Wuel ware si am éischte Saz ganz no drun, haten awer, virun allem an der Mëtt, net genuch Alternativen. De Luerenzweiler Trainer Serge Karier huet iwwerdeems de Kader dréine gelooss. Um Enn stoung et 3:0 (25:22; 25:16 a 25:21).

An och am leschte Match tëschent dem Titelverdeedeger VC Stroossen an dem CHEV Dikrech gouf et eng kloer Affär. Den Dikrecher Passeur Francisco Abreu huet nach ëmmer mat enger Gripp ze kämpfen an dat huet Stroossen an d'Kaarte gespillt. Stroossen huet seng ganz Routine agesat an de Match souverän mat 25:16, 25:17 a 25:22 dominéiert.

D'Resultater vun den Hären

D'Resultater vun den Dammen