Nieft der Dominanz vum amtéierende Weltmeeschter stiechen nach d’Qualifikatioun vu Brasilien a Portugal fir d'Véierelsfinall ervir.

Bei der Handball-Weltmeeschterschaft sinn no 13 Deeg och alleguer d’Matcher vun der Haaptronn gespillt, woumat d’Participantë vun de Véierelsfinalle feststinn.

Den amtéierende Weltmeeschter Dänemark ass weiderhin de Moossstaf fir alleguer déi aner Ekippen. De Co-Organisateur konnt virun eegenem Public géint all Géigner iwwerzeegen an huet en Duerchschnëtt vun 38 markéierte Goler opweises. Ausserdeem baut Dänemark seng Serie op 34 ongeschloe WM-Matcher aus. Nieft de Skandinavier kënnt nach Däitschland aus der Grupp 1 an d’Véierelsfinall. Hir Géigner aus der Haaptronn-Grupp 3 heesche Brasilien respektiv Portugal.

Portugal hat ee fir e gutt Ofschneide bei dësem Turnéier um Ziedel, mä Brasilien ass déi gréisst Iwwerraschung. Mat der Qualifikatioun fir d’Véierelsfinall hunn d’Südamerikaner elo schonn hiert bescht Resultat bei enger Weltmeeschterschaft opweises. Dës zwee Matcher wäerten zu Oslo ausgedroe ginn. Béid Ekippen hu Favoritte wéi Schweden, Spuenien oder de Co-Organisateur Norwegen hannert sech gelooss.

An der Arena Zagreb trëfft den amtéierenden Europameeschter Frankräich op eng weider net-europäesch Ekipp, an zwar Ägypten. De Co-Organisateur Kroatien spillt virun eegenem Public géint Ungarn a ka sech grousser Ënnerstëtzung sécher sinn. An der Grupp 4 mat Kroatien an Ägypten war de Kampf ëm d’Véierelsfinall-Ticketen esou spannend, dass Island mat 5 Victoiren a 6 Matcher wéinst dem méi schlechten direkte Verglach net an der KO-Ronn steet.
 
Aus Lëtzebuerger Siicht

De Cap Vert, bei deem mam Gilson Correia an dem Bruno Fernandes zwee Spiller vum Chev Dikrech mat dobäi waren, hat et bei senger drëtter Weltmeeschterschaft an d’Haaptronn gepackt a schléisst dës op der 5. Plaz of. D’Afrikaner konnten hei keng weider Victoire verbuchen.

Italien schléisst seng éischt Participatioun bei enger WM zënter 1997 mat der 4. Plaz hannert Dänemark an Däitschland an der Schwäiz of. Dat ass e remarkabelt Resultat fir d’Ekipp vum Nationaltrainer Riccardo Trillini, dee vun 2013 bis 2017 Hären-Trainer beim HB Käerjeng war.

Polen an den Ariel Pietrasik waren déi lescht Deeg beim President’s Cup am Asaz an hunn do hir Grupp souverän viru Kuwait, Algerien a Guinea gewonnen. Am éischte Placéierungsmatch treffen d’Polen en Dënschdeg op d’USA.