Dramatesch lescht Minutten hunn d'Spectateuren zu Zagreb an Oslo gesinn. Dänemark, Frankräich, Kroatien a Portugal spillen ëm den Titel.

Dräi spannend Matcher, ee kloert Resultat: Sou kann een d’Véierelsfinalle vun der Handball-Weltmeeschterschaft zesummefaassen. Mat Dänemark, Frankräich, Kroatien a Portugal stinn dräi Favoritten an eng Iwwerraschungsekipp an den Halleffinallen. Ägypten, Ungarn an Däitschland waren awer och no drun, fir am virleschten Tour ze stoen.

Dat Besonnescht war, dass zënter 1999 eng éischt Kéier nees zwou net-europäesch Ekippen an de Véierelsfinalle stoungen. Dat ass eng gutt Noriicht fir de Welthandball, dee riskéiert, vum Internationalen Olympesche Kommitee (IOC) wéinst der Dominanz vun den europäeschen Ekippen aus dem olympesche Programm geholl ze ginn.

Zagreb

Zu Zagreb hunn zwee Buzzerbeateren d’Matcher decidéiert, wouduerch de Co-Organisateur Kroatien an der Halleffinall op Frankräich trëfft.

De Match tëscht Kroatien an Ungarn war iwwer 60 Minutten u Spannung net ze iwwerbidden. D’Lokalekipp hat wuel besser an de Match fonnt, ass awer an der Mëtt vun der éischter Hallschent engem Réckstand vu 4 Goler hannendru gelaf. Bis d'Paus konnt Kroatien mat engem 6:2-Laf awer nach op 16:16 stellen. Och an der zweeter Hallschent hunn d’Spectateuren an der ausverkaafter Zagreb-Arena Kampf a Leidenschaft vu béiden Ekippe gesinn. Ungarn war mat 3 Goler Virsprong an déi lescht 5 Minutte gaangen, konnt dësen Avantage awer net iwwer d’Zäit bréngen. D’Kroaten hu mat engem 4:0-Laf a mam leschte Ball nach den entscheedende Gol markéiert (31:30).

Duerno stounge sech Frankräich an Ägypten géintiwwer. Och hei war de Match bis zum Schluss spannend, et huet awer gewierkt, wéi wa Frankräich ëmmer Här vun der Lag gewiescht wär. D’Fransouse konnten an hirem éischten Turnéier ouni de laangjärege Starspiller Nikola Karabatic déi éischt Hallschent kloer fir sech entscheeden (18:14), mee Ägypten huet eng schwaach Phas vu Les Bleus ausgenotzt a konnt an der 44. Minutt ausgläichen. D’Ägypter hunn et awer verpasst, a Féierung ze goen. Sekonne viru Schluss konnt Ägypten nees egaliséieren, mee dem Luka Karabatic, dem Nikola säi Brudder, ass mam leschte Schoss op den eidele Gol den entscheedenden Treffer gelongen (34:33) an huet Ägypten an d‘Räich vun den Tréine gestierzt.

RTL

Frankräich géint Ägypten / © ANNE-CHRISTINE POUJOULAT AFP

Oslo

Den dräifache Weltmeeschter Dänemark huet sech mat engem 33:21 souverän fir d’Halleffinall qualifizéiert. Brasilien, d'Iwwerraschung vun dëser WM, konnt seng staark Performance aus de leschte Matcher net ofruffen. D’Skandinavier haten de bessere Start a louchen no 15 Minutten 10:3 vir. D’Südamerikaner hu sech awer net hänke gelooss a koume bis d'Paus nach eng Kéier op 3 Goler erun (15:12). Nom Säitewiessel huet sech de Spectateuren zu Oslo dat selwecht Bild gebueden. „Danish Dynamite“ hat de bessere Start, mee dës Kéier konnt Brasilien net nozéien. D’Brasilianer si méi wéi eng Kéier um staarken dänesche Golkipp Nielsen hänke bliwwen, deen nees zum Player of the Match gewielt gouf. Nodeems d’Dänen an der 48. Minutt mat iwwer 10 Goler vir louchen, war de Match gelaf. Brasilien kann trotzdeem mat vill Houfert op déi bescht Placéierung bei enger Weltmeeschterschaft zeréckkucken.

RTL

Dänemark klappt Brasilien / © BO AMSTRUP Ritzau ScanpixRitzau Scanpix via AFP

Domat trëfft Dänemark an der Halleffinall op Portugal, dat sech no Verlängerung 31:30 géint Däitschland duerchgesat huet. Déi éischt Hallschent huet Portugal e Freedefeier ofgebrannt an Däitschland phaseweis al ausgesi gelooss. D’Ekipp mam Adler op der Broscht huet hir Sprëtzegkeet vermësse gelooss a konnt frou sinn, dass hire Golkipp Wolf am ganze Match 21 Bäll paréieren a seng Ekipp domat am Match hale konnt. Nom 13:9 fir Portugal an der Paus war d’Rout Kaart fir de Portugis Luis Frade an der 35. Minutt e Gamechanger. Däitschland konnt dovu profitéieren an an der 47. Minutt eng éischt Kéier a Féierung goen. Well et no 60 Minutte 26:26 stoung, goung et an d’Verlängerung, wou Portugal dat bessert Enn fir sech hat. Fir Portugal ass et dat bescht Resultat a senger Geschicht.
 
President’s Cup zu Poreč

Fir den Ariel Pietrasik, deen zu Lëtzebuerg bis 2021 beim HC Bierchem gespillt huet, ass d’WM elo och eriwwer. Am Match ëm d‘Plaz 25 huet sech Polen 24:22 no Siwemeterschéisse géint d’USA duerchgesat. De Pietrasik huet 3 Goler zur Victoire bäigesteiert.