An Europa erfreet sech den Handball grousser Beléiftheet, mee op den anere Kontinenter gesäit et anescht aus. Dat féiert zu Problemer.

De Januar ass all Joer d’Zäit, wou den Handball Héichkonjunktur huet. Entweeder gëtt eng Europa- oder, wéi dëst Joer, eng Weltmeeschterschaft organiséiert. Wärend dësen Turnéiere kritt d’Sportaart Handball méi Opmierksamkeet wéi soss – wat Fluch a Seegen zugläich ass.

En Dënschdeg (28. Januar) huet déi däitsch Handball-Ikon Stefan Kretzschmar an engem Interview hir Meenung zur aktueller Situatioun vum europäeschen an internationalen Handball präisginn an huet wéi gewinnt kee Blat virun de Mond geholl. De Sportdirekter vum däitsche Veräi Füchse Berlin huet Alarm geschloen, wat d’Zukunft vun der Sportaart Handball ugeet, a virun hirem „Doud“ gewarnt.

Et ass net déi éischt Kéier, dass den däitschen Ex-Nationalspiller dës Positioun vertrëtt. Hien huet schonn dacks gefuerdert, dass den Handball innovéieren a sech a Fro stelle misst, fir an Zukunft weiderbestoen ze kënnen. Virun allem am Hibléck als olympesch Sportaart, wou den Internationalen Olympesche Kommitee (IOC) an der Vergaangenheet schonn dacks mam béise Fanger gewisen huet.

Projeten, fir den Handball net just an Europa ze implantéieren, gouf et an der Vergaangenheet eng Hellewull. Virun allem an den USA gouf vill Opwand bedriwwen, fir den Handball méi populär ze maachen – virun allem am Hibléck op d’Olympesch Spiller 2028 zu Los Angeles. Mee e Projet an engem eenzege Land geet net duer. Fir de Kretzschmar misst d’IHF (International Handball-Federatioun) och um afrikaneschen an asiatesche Kontinent méi aktiv ginn.

USA Team Handball krut souguer dräimol eng Wildcard vun der IHF, fir un de Weltmeeschterschaften 2021, 2023 an 2025 deelzehuelen. Och d’Lëtzebuerger FLH-Selektioun huet an der Vergaangenheet e puer Frëndschaftsmatcher géint d’USA gespillt – déi lescht am November 2021, mat ënnerschiddleche Resultater.

Positioun vun der Lëtzebuerger Handball-Federatioun

D’FLH ënnerstëtzt d’IHF also an hirem Bestriewen, den Handball an den USA méi populär ze maachen. Mee wéi gesäit et op nationalem Plang aus? Hei huet de Christian Schmitt, Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Handball-Federatioun, a senger Äntwert gemengt, dass et „just eng Méiglechkeet“ géif: méi an déi eege Jugend ze investéieren. Bei ville Veräiner hätt an de leschte Joren aus finanzielle Grënn en Ëmdenken agesat, firwat dëse Wee elo vu méi Veräiner wéi virdrun ageschloe gouf a gëtt. Mat Bierchem an Diddeleng hätt een zwee gutt Beispiller. E positiven Aspekt wär och, dass d’Zuel vun de Lizenzen an de leschte Jore konstant iwwer 3.000 léich.

An Zukunft wéilt d’FLH nach weider Mesuren ergräifen, zum Beispill duerch Evenementer mat der LASEP oder mat Maison-relaisen. Och am Schoulsport soll den Handball eng méi wichteg Roll anhuelen, wou den Ex-Nationalspiller Tommy Wirtz eng wichteg Roll bei Formatioune fir d‘Schoulpersonal um IFEN iwwerhëlt. E groussen Defi géif wéi a villen anere Beräicher de Réckgang vum Benevolat duerstellen.

Wat dem Lëtzebuerger Handball och méi Opmierksamkeet brénge kéint, wär d’Organisatioun vun enger europäescher Kompetitioun. D’FLH hat sech virun enger Rei Joren ëm d’Organisatioun vum European-League-Final4 beworben, virun allem well et eng neutral Plaz gewiescht wär. Dat ass awer u finanzielle Ressourcë gescheitert.

Op d’Fro, ob een an Zukunft vläicht d’Roll als Co-Organisateur vun enger Europameeschterschaft anhuele kéint, huet de Christian Schmitt gemengt, dass do ganz vill gudde Wëlle vun der EHF a finanziell Ënnerstëtzung säitens dem Lëtzebuerger Staat néideg wär.

Den Handball ass ze vill eurozentresch

Den Handball ass ze vill eurozentresch. Et muss een nei Mäert erschléissen, fir den Handball méi attraktiv ze maachen. Dat kéint och doduerch geschéien, dass d‘IHF Weltmeeschterschaften op anere Kontinenter ausdroe léisst, an net permanent an Europa.

Dobäi däerf een awer net just op déi grouss Mäert kucken, wou nach net vill leeft (USA, China), mee et muss een och dorun denken, positiv Entwécklungen ze begleeden an dëse Federatiounen eng Kompetitioun an Aussiicht ze stellen. Dat ass fir d’EM 2028 a Portugal, Spuenien an an der Schwäiz scho fixéiert, et kéint op internationalem Plang och fir Brasilien oder en afrikanescht Land gëllen.

E weidere Problem ass d’Dominanz vun den europäeschen Ekippe par rapport zu den Ekippe vun anere Kontinenter. Mat Brasilien an Ägypten stounge bei dëser WM fir d’éischt zënter 1999 zwou net-europäesch Ekippen an der Véierelsfinall. Dat erkläert alles. An dass eng net-europäesch Ekipp an der Finall stoung war fir d’lescht 2015 mat Katar de Fall. Aus dëse Grënn gëtt am Internationalen Olympesche Kommitee ëmmer nees diskutéiert, fir den Handball aus dem olympesche Programm ze sträichen.

Op alle Fall wäert e Sonndeg emol déi 29. Häre-Weltmeeschterschaft mat der Finall tëscht Dänemark a Kroatien op en Enn goen. An déi nächst Editioune fir 2027, 2029 an 2031 si scho verginn – alleguer an Europa. Wat duerno geschitt, bleift ofzewaarden.