Beim WTT-Tournoi zu Singapur konnt d'Lëtzebuergerin Ni Xia Lian bal fir eng gréisser Iwwerraschung suergen.

An der 64.-Finall huet d'Nummer 61 op der Welt et mat der Chineesin Qian Tianyi ze di kritt, aktuell Nummer 10 op der Welt. 
Nodeems d'Qian den 1. Saz mat 12:10 fir sech entscheede konnt, huet d'Ni d'Sätz 2 an 3 fir sech decidéiert, dat mat 11:7 an 11:9. De véierte Saz goung ganz kloer mat 11:2 un d'Chineesin, iwwerdeems de 5. a leschte Saz nees méi enk war.

Dee goung dunn awer um Enn och mat 11:8 un d'Qian Tianyi.

Am Dubbel-Mixed kréien Ni / Mladenovic et en Dënschdeg mam chineeseschen Duo Kuai Man / Lin Shidong ze dinn, dat nodeems se an der 32.-Finall mat 3:1 géint en Duo aus Brasilien an Australien gewonnen haten.